Bëschbränn a SüdeuropaDausenden Hektar Vegetatioun zerstéiert, Tour-de-France-Etapp ugepasst

AFP, iwwersat vun RTL
Bëschbränn hunn de Weekend a verschiddene Länner vu Südeuropa Dausenden Hektar Vegetatioun zerstéiert an d'Rettungsekippe staark gefuerdert.
Damp vun de Bränn ronderëm de Bierg Canigu a Frankräich ze gesinn
Damp vun de Bränn ronderëm de Bierg Canigu a Frankräich ze gesinn
© JC MILHET/AFP

Besonnesch kritesch war d'Situatioun e Sonndeg am Süde vu Frankräich, wou e Feier an de Pyrenäen zwee Leit schwéier blesséiert huet an och Auswierkungen op déi drëtt Etapp vun der Tour de France huet. Och a Griicheland, a Spuenien an a Portugal waren d'Pompjeeën am Asaz géint d'Flamen.

De Brand an de franséische Pyrenäen ass e Samschdegowend an engem schwéier zougängleche Gebitt bei Trévillach, no beim Bierg Canigou a ronn 35 Kilometer westlech vu Perpignan, ausgebrach. Den Informatioune vun der Prefektur vun de Pyrénées-Orientales no huet d'Feier mëttlerweil 1.650 Hektar Land erfaasst. E Pompjee an en Awunner goufen dobäi schwéier blesséiert.

Méi wéi 700 Pompjeeën, 200 Gefierer an eng zéng Läschfligeren a Läschhelikoptere waren am Asaz. Wéinst de staarke Wandstéiss hätt d'Feier nees u Kraaft gewonnen, esou d'Autoritéiten. Stroosse goufen zougemaach an Noutlogementer ageriicht. Eng evakuéiert Awunnerin sot, si hätt spéit owes Damp gesinn; géint 1 Auer moies wier eng Persoun vum Gemengerot komm an hätt d'Leit opgefuerdert, d'Géigend ze verloossen.

Trotz dem Brand soll déi drëtt Etapp vum Tour de France e Méindeg duerchgefouert ginn, allerdéngs a geännerter Form. Um franséischen Deel vum Parcours wäert keng Publicitéit erlaabt sinn. Och d'Caravane vun de Sponsore wäert do net ënnerwee sinn. Erlaabt ass nëmmen d'Duerchfuere vun de Coureuren an de Gefierer, déi fir d'Organisatioun vun der Course néideg sinn.

D'Autoritéiten hunn d'Spectateuren opgefuerdert, weder laanscht d'Streck nach op d'Arrivée zu Les Angles ze kommen. Domat gëtt d'Tour-de-France-Etapp a Frankräich gréisstendeels ouni Public ofgehalen.

Och a Griicheland waren d'Pompjeeën am Asaz. Bei Thessaloniki gouf weider géint Bränn an enger Recyclinganlag an an enger Pëtrolveraarbechtungsanlag gekämpft. Décke schwaarze Damp ass bis an den Zentrum vun der zweetgréisster Stad vum Land gezunn. D'Autoritéiten hunn d'Awunner opgefuerdert, Fënsteren zou ze halen an onnéideg Weeër ze vermeiden. 151 Bewunner vun engem no geleeëne Fleegeheem goufen a Spideeler ëmquartéiert. Bannent 24 Stonne goufe landeswäit 60 Bränn gemellt.

A Spuenien hunn d'Pompjeeën e Bëschbrand no bei der Costa Brava ënner Kontroll bruecht. Zënter e Freideg ware méi wéi 2.200 Hektar Vegetatioun verbrannt. D'Restriktioune fir ronn zéng Gemengen an der Géigend vu La Bisbal d'Empordà bei Girona goufen e Sonndeg nees opgehuewen. E Mann, dee virleefeg festgeholl gi war, ass ënner Oplagen nees fräikomm. Hie kritt reprochéiert, eppes mam Ausléise vum Bëschbrand ze dinn ze hunn.

Am Norde vu Portugal konnt e Bëschbrand bei Vouzela am Distrikt Viseu no dräi Deeg gréisstendeels agegrenzt ginn. D'Flamen hunn do op d'mannst 13.000 Hektar Vegetatioun zerstéiert. Wéinst den éischte grousse Bëschbränn vum Summer huet Portugal de Katastropheschutz-Mechanismus vun der Europäescher Unioun aktivéiert.

De Berechnunge vun der AFP no goufen a Portugal, Spuenien, Frankräich a Griicheland zesumme méi wéi 19.000 Hektar Land zerstéiert. No enger aussergewéinlecher Hëtztwell am Juni warnen Experten elo virun enger fréier a laanger Bëschbrandsaison. "De Klimawandel ass do, mir erliewen d'Suitte, a et ass eréischt Ufank Juli", sou de franséische Pompjee Eric Belgioino.

Back to Top
CIM LOGO