Tour de FranceIsaac del Toro wënnt 2. Etapp zu Barcelona

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg ass et op der zweeter Etapp vum Tour de France iwwer 168 Kilometer vun Tarragona op Barcelona gaangen.
Del Torro (riets) feiert Victoire viru sengem Leader Pogacar (lénks)
Del Toro (riets) feiert Victoire viru sengem Leader Pogacar (lénks)
© LOIC VENANCE/AFP

Den Isaac del Toro huet sech e Sonndeg zu Barcelona déi zweet Etapp vum Tour de France geséchert. De Mexikaner huet sech viru sengem Co-Equipier an Titelverdeedeger Tadej Pogacar duerchgesat. Domadder hu béid Coureuren fir en Doublé fir d'Ekipp UAE Team Emirates-XRG gesuergt. Fir den del Toro ass et déi éischt Victoire bei der Grande Boucle. Op déi drëtte Plaz ass de Remco Evenepoel gefuer.

Pogacar léisst del Toro de Virtrëtt op der 2. Etapp vum Tour de France (leschte Kilometer)

Et ware schwéier 168 Kilometer e Sonndeg. Zum Schluss ass et dräi Mol den Olympiabierg zu Barcelona eropgaangen.

Am General bleift de Jonas Vingegaard, deen um 2. Dag de Véierte ginn ass, un der Spëtzt. Den Dän huet eng Avance vu sechs Sekonnen op de Pogacar a 15 Sekonnen op den Evenepoel.

Deen eenzege Lëtzebuerger am Peloton Alex Kirsch ass als 154. op 13 Minutten a 56 Sekonnen ukomm. Am General ass de Coureur vu Cofidis den 115. op 16 Minutten a 34 Sekonnen.

De Felix Engelhardt, de Frank van den Broek an den Alex Molenaar hate sech scho fënnef Kilometer nom Depart zu Tarragona vum Peloton ofgesat. Si kruten eng maximal Avance vu ronn véier Minutten zougesprach. Duerno huet de Peloton den Tempo an d'Luucht gesat an d'Lach ass ëmmer méi kleng ginn. An der Côte de Begues (2. Kategorie) no 94 Kilometer huet de van den Broek sech an de Peloton zeréck fale gelooss. Zu Barcelona ukomm, hat den Duo un der Spëtzt nach eng Avance vun 10 Sekonnen op de Peloton. 33 Kilometer virun der Arrivée war dunn awer d'Echappée eriwwer. Um schwéiere Schlusscircuit war den Tempo héich an de Peloton ass ëmmer méi kleng ginn. No der éischter vun den dräi Passagen op der Ligne d'Arrivée waren nach eng 40 Coureuren zesummen. An der 700 Meter laang Schlussmontée, der Côte du Château de Montjuic huet um Enn den del Toro attackéiert an huet sech d'Victoire geséchert. De Pogacar war am Rad vum del Toro an huet op e Sprint verzicht an ass als Zweeten iwwer d'Arrivée gefuer. Do hannendru sinn Evenepoel a Vingegaard ukomm.


D'Resultater


Den Tour de France 2026 a Biller

Back to Top
CIM LOGO