Fotoe sinn eppes, wat eis direkt zréck an eng aner Zäit ka versetzen. Scho beim éischte Bléck kënne verschidden Indice wéi Kleedungsstil, Landschaft oder de Stil vun enger Foto eis verroden, a wéi enger Zäit mer eis beweegen. Wann een an de Ratskeller vum Cercle Cité ra kënnt, begéint ee genee esou Biller. Et ass eng Mëschung aus schwaarz-wäissen a faarwege Fotoen, déi een direkt alueden, an hir Welt anzedauchen. Mam Titel "More Than A Postcard" betrëtt een hei d'Welt vum Tourismus.
D'Archiv vun der Stater Fotothéik ëmfaasst ëm déi siwe Millioune Fotoen, déi d'Geschicht an d'Entwécklung vu Lëtzebuerg dokumentéieren.
Déi ganz Ekipp vun der Fotothéik huet zesummegeschafft, fir de perfekte Choix fir d'Expo zesummenzestellen. De Keven Erickson war fir dës Expo zoustänneg fir Digitalisatioun vun de Fotoen. D'Biller, déi een hei gesäit, sinn nämlech keng Originaler, mee Ofzich vun de Negativen. Virun allem grouss hell-donkel Kontraster si bei alen Negative méi schwéier ëmzewandelen an et ka Mol virkommen, datt e puer Informatiounen iwwert d'Jore verluergaange sinn.
D'Ausstellung ass opgedeelt op zwou verschidde Plazen. Nach bis den 20. September kann een am Ratskeller vum Cercle Cité an an der Passerelle op der Gare déi ganz Fotoserie entdecken. Méi Infoe fannt Dir hei.