Beim Orlen Copernicus Cup zu Toruń a Polen ass d’Patrizia van der Weken mat 7.01 Sekonnen en neie Lëtzebuerger Rekord iwwer 60 Meter gelaf. An engem Foto-Finish klasséiert si sech domadder als zweet, ganz knapp hannert der Zaynab Dosso aus Italien. Drëtt ginn ass d’Brittin Amy Hunt, déi och eng perséinlech Beschtzäit gelaf ass.
Den Orlen Copernicus Cup ass Deel vun der Indoor Tour Gold vun der Liichtathletik-Weltfederatioun.
Wéi d’Liichtathletik-Federatioun schreift, ass den neie Rekord déi 20. bescht Zäit op der Welt an déi 8. bescht an Europa.
“Haut war wierklech e super flotten Dag. 7.01, dat ass eng verréckt Zäit. Ech wosst, dass ech eng séier Zäit an de Been hätt. 7.01 hätt ech net onbedéngt geduecht, mee ech mengen dat weist, dass mer op engem gudde Wee sinn. A wie weess, vläicht kann ech an e puer Wochen ënnert déi siwe goen”, sou d’Patrizia van der Weken an engem éischten Interview no der Course.
A véier Woche sinn d’Weltmeeschterschaften an der Hal an der Liichtathletik. Et dierf ee gespaant kucken, wat der Lëtzebuerger Sprinterin do fir een Exploit ka geléngen.
Kuckt hei nach eemol d’Final vun de 60 Meter mam Patrizia van der Weken: