De Rapport schwätzt vun Antagonismen a Polarisatiounen, dofir misst d'Gouvernance elo dréngend "fundamental" iwwerschafft ginn.

Datt am Mudam net alles leeft, wéi et sollt, dat ass spéitstens zanter der Demissioun vum Verwaltungsrotspresident Patrick Majerus am Januar gewosst. A sengem Demissiounsbréif hat hie vun "défaillances dans la gestion interne du musée" geschriwwen. Dat war awer just de virleefegen Héichpunkt vun enger Situatioun, déi net gutt war a bei där laang probéiert gouf, se ze verbesseren.

Justement mat deem Zil war de leschten Hierscht nach ënner dem Verwaltungsrotspresident Patrick Majerus eng extern Beroderfirma engagéiert ginn, fir eng objektiv Analys vun der Situatioun a Verbesserungsvirschléi ze maachen. Den Objectif vun der Audit-Missioun gëtt nämlech esou beschriwwen: "Le CA souhaite comprendre ce qui se passe au niveau de l’équipe de management afin d’aider cette équipe et la DG à retrouver de l’apaisement". – De CA ass de Conseil d'Administration an d'DG ass d'Generaldirektesch Bettina Steinbrügge.

Vill géigesätzlech Positiounen

D’Konklusioune vun där Analys, déi der Kulturkommissioun vun der Chamber elo matgedeelt goufen, confirméieren, datt d’Organisatioun am Musée op verschiddenen Niveauen net funktionéiert.
 
Nodeems mat enger ganzer Rëscht Responsable geschwat gouf, kënnt d’Beroderfirma Qualia nämlech zur Conclusioun, datt et, éischtens, Antagonismen – also géigesätzlech Positiounen – op direkt dräi Levele gëtt:

1. structurels (gouvernance) et influencés par la politique 
2. stratégiques (artistiques/gestion) 
3. relationnels (personnalités)

Dës Antagonismen hätten ënnerschiddlech Loyautéite mat sech bruecht an zu Polarisatioune gefouert.

Do derbäi kéim nach, zweetens, Drock op déi ganz Organisatioun duerch Personalwiessel (Mataarbechter a Leadere kommen a ginn) an duerch finanziell Contrainten.

En drëtte Constat ass, datt wéinst dëse Problemer d'Hierarchie net ëmmer respektéiert gouf:

"Un ‘sauvetage’ nécessaire de l’organisation, amorcé suite à des ‘passages de frontières’, entre différentes instances de gouvernance. Ceci a renforcé les difficultés avec des ‘by-pass’ des leaders (devoir aller outre la chaine hiérarchique établie) et inversement".

Dat géif zu Confusion féieren an d’Efficacitéit reduzéieren. Et géif och mat sech bréngen, datt d’Directrice générale an den Apparat net méi zesummen eng "autorité saine" kéinten ausüben. D'Beroderfirma schreift: "les personnes se sentent obligées de ‘prendre position’ ce qui ne peut amener que de la détresse".

"Une gouvernance revue de façon fondamentale"

Wat de System elo dréngend bräicht, an do ass de Rapport formell, dat wieren:

  • D’une autorité saine et puissante (issue de la gouvernance en fort lien avec la DG) qui permette à la DG et ses équipes de reconstruire un modus operandi sur de bonnes bases
  • De donner du sens à ce qui s’est passé et ce qui continuera de se passer si des changements structurels ne sont pas réalisés
  • D’une gouvernance revue de façon fondamentale: 
    - Rôles clarifiés (dans le détail) de l’instance de tutelle, du CA et de chacun de ses membres (focus sur rôles de Président et Vice-président), de la DG (et de la DAF*)
    - Instances de dialogue opérantes (circulation de l’information, prise de décision claire, information ou consultation des parties prenantes)
  • D’un accompagnement individuel (et sur la durée) des parties prenantes

Op der leschter Säit vun de Conclusioune steet e Resumé an dee fänkt un, datt een d'Gouvernance misst iwwerdenken, an zwar d'Relatioune Ministère-Conseil a Conseil-Direktioun. Ma och d'Rolle vun der Directrice an dem Management-Team missten definéiert respektiv redefinéiert ginn.

De Rapport vun der externer Beroderfirma Qualia confirméiert deemno d'Probleemer, op déi de fréiere Verwaltungsrotspresident Patrick Majerus an engem Rapport fir de Conseil an de Kulturministère Mëtt d'lescht Joer opmierksam gemaach hat. An deem Dokument hat hien d'Plaintë vun Mataarbechter géintiwwer der Generaldirectrice opgegraff. Dora war och dovu rieds, datt d'Kommandoketten net respektéiert géif: "Bettina n’implique parfois pas le MT [Management Team, Nott vun der Red.] ou le responsable mais directement du personnel à des échelons plus bas. Cela crée du stress, de l’incertitude".

D’Konklusioune vun der Beroderfirma Qualia goufe schonn am Januar mam Verwaltungsrot, der Directrice an den anere Membere vum Management-Team beschwat. Ma wéi RTL den neie Verwaltungsrotspresident Jean-Paul Olinger Enn Mäerz dono gefrot huet, huet deen ze verstoe ginn, de Rapport vu Qualia wier nach net fäerdeg. Hie sot: "Dëse Rapport ass am Ofschloss an d'Conclusiounen, déi wäerte weider Entscheedunge mat sech zéien, bezéiungsweis, méiglecherweis zu Changementer innerhalb vun der Organisatioun feieren."

Bis elo kruten d'Membere vun der Kulturkommissioun vun der Chamber just déi kuerz Conclusioune vun der Beroderfirma Qualia zougestallt, et lafen awer och Demanden, dee ganzen Dossier ze kréien.

De Minister Eric Thill hat jo ewell zougesot, der Kommissioun och deen Dossier ze ginn, mat deem de Patrick Majerus am Juli 2024 op d'Problemer am Mudam opmierksam gemaach hat.

* Nott vun der Redaktioun: Mat DAF ass d’Directrice administrative et financière gmengt, si huet zanterhier och demissionéiert.