Den 19. Abrëll war d’ESC-Preparty zu London, am Here at Outernet. Um –4 ass d’Concertshal, an déi 2.000 Leit erapassen. Hannert der Bün ass e 14 Meter laangen Ecran, op deem Animatiounen hannert all Kandidat lafen.
25 vun de 35 Artiste waren dëst Joer op der Preparty. Ee Grupp, dee sech scho virdrun op den anere Concerte konnt kenneléieren, an dee ganz enk verbonnen ass, seet d’Eva Marija, d’Lëtzebuerger Kandidatin vun dësem Joer.
LondonHagen2026: Eurovision Rave Ball zu London
Déi zwee Owenter virun der Preparty waren och Optrëtter, am Kontext vum EuroRaveBall, dee fir de gudden Zweck organiséiert gëtt.
Hei ass déi zwee Owenter de Luzac opgetrueden, deen zweemol um Luxembourg Song Contest an der Finall war. Well seng zwee Lidder "Je danse" a "Prison dorée" stilistesch géinge passen, war hien op London invitéiert ginn.