2019 wëll AC/DC nach eng Kéier en neien Album erausbréngen. Dofir ass och hire Sänger Brian Johnson nees u Bord.

D'Rumeur gouf et op enger brasilianescher Fansäit, well de Brian Johnson zesumme mat der Band an engem Studio zu Vancouver gesi gouf. Wéi d'Websäit "Tripe M" elo mellt, wier et dann och elo offiziell confirméiert ginn, datt AC/DC un engem neien Album schafft an do hire Sänger och nees dobäi wier.

D'Band hat 2016  hir Tour missten ofbriechen, well de Risiko bestanen huet, datt de Brian Johnson géif daf ginn. Dono huet den Axl Rose hien op e puer Concerten, déi d'Band awer nach gespillt huet, ersat.