Wéi de Kollektiv en Dënschdeg matdeelt, hätt een dës Aktioun e Méindeg lancéiert, fir d'Regierung opzefuerderen, fir sech bei der Expo zeréckzezéien.

Grouss Affichen aus Stoff waren e Méindeg de Moien op der Stäreplaz ze gesinn, wou Sätz wéi "Gudden Appetit #Expo2020 Dubai" oder "Dessert: Eng blanchéiert Expo mat Région flambée" ze gesi waren. Ufanks war net kloer, wien genee hannert der Aktioun stécht, obwuel et als quasi sécher gegollt huet, dass et sech wuel dierft ëm Richtung 22 dréien.

En Dënschdeg de Mëtteg gouf dës Protestaktioun dann och vun Kollektiv revendiquéiert. Ënnert anerem mécht Richtung 22 mat dëser Aktioun drop opmierksam, dass déi Arabesch Emirater nach ëmmer eng extrem aggressiv Aussepolitik hätten an sech weiderhin net géifen un d'Mënscherechter halen. Lëtzebuerg géif dëst Verhalen mat der Participatioun op der Ausstellung zu Dubai ënnerstëtzen, esou Richtung 22 op Facebook.

Et wier d'Aufgab vum Kulturministère, dem nationale Kulturfong a Lëtzebuerg am allgemengen de Projet fir d'Expo zeréckzezéien an sou de "Mëssbrauch vu Konscht als Marketing-Tool a Verschleierungsinstrument ze verhënneren".