D'Rock University, eng Museksschoul hei zu Lëtzebuerg, déi hir Course speziell un all Schüler upasst. Musek made in Luxembourg.

D'Rock Universitéit ass eng Museksschoul anescht wéi anerer. Do geet et net drëm d'Musek just einfach nëmmen ze spillen, mä se ze fillen, ze spieren a virun allem ze personaliséieren. D'Léierpersonal, dat aus professionellen a passionéierte Museker besteet, huet sech als Zil gesat all Talent sou vill wéi méiglech ze fërderen.
 
Mat speziell ugepasste Course kënne si op individuell Besoine vun de jeeweilege Schüler agoen, an dat spigelt sech och an der Musek erëm.

All Freideg stelle mer Iech iwwer den RTL You ee Museker a säi Video mat engem perséinlech gecoverte Lidd vir. Dës Woch ass et d'Carmen Carbonell mam d'Lidd "Me & Mr Jones" vum Amy Winehouse.

D'Carmen stellt sech an 2-3 Sätz vir

1. Wisou hues du dech fir d’Rock University hei zu Lëtzebuerg decidéiert?

Leider sinn ech kee Student op der Rock University Lëtzebuerg, well ech momentan nach meng Studien an der Psychologie zu Bréissel fäerdeg maachen. Soumat kann ech aus zäitleche Grënn keng Coursen op der Rock Universitéit huelen. Duerch meng Schwëster, dat par contre Student vun der Rock Universitéit ass, koum ech a Kontakt mat der Museksschoul. Nodeems ech e puer Mol mat menger Schwëster do war, hunn ech d’Ekipp besser kenne geléiert a si soumat och invitéiert ginn, fir bei Jam-sessions matzemaachen.

2. Wat bewierkt d'Musek bei dir?

D'Musek huet vill verschidden Effekter op mech perséinlech. Ech maachen en Ënnerscheed tëscht Musek lauschteren, respektiv selwer sangen. Béides huet positiv Awierkungen op mech a meng Perséinlechkeet. Zum Beispill fillen ech mech duerch d’Musek méi verbonnen zu de Leit, wat fir mech e wesentlecht Element a mengem Liewen ass.

3. Wat war bis dato däi gréissten/flottsten Optrëtt wou s du has?

Ech sinn ëmmer frou, fir kennen en Optrëtt ze ginn oder deel vun engem Grupp ze sinn, ganz egal wéini a wou. Ech sinn och frou, wann ech sonndes doheem virun der Famill ka performen. Par contre huet den Optrëtt dëse Summer an der Rockhal mech schonn e bësse geflasht, vue dass et de gréissten Optrëtt war, deen ech bis dato hat.

D'Serie am Iwwerbléck