Dat Kulinarescht wäert e gréissere Volet an der Programmatioun vun der Lëtzebuerger Participatioun anhuelen. Et gouf sech zum Zil gesat, an den Arabeschen Emiraten op den héije Niveau vun eiser Gastronomie ze setzen.
D’nächst Joer ëm dës Zäit ass déi Universal Weltausstellung zu Dubai scho 4 Deeg op. An da wäerte scho Leit aus aller Welt déi héich Gastronomie vu Lëtzebuerg geschmaacht hunn. En Donneschdeg gouf dat kulinarescht Konzept virgestalltn an och, wiem seng Signatur dat, wat op den Dësch kennt, wäert droen, nämlech déi vum Kim Kevin De Doot, en Ancien aus der Hotelschoul, dee schonn zu Singapur dem Restaurant Saint-Pierre e Stär abruecht huet. Elo wäert hien déi Jonk zu Dubai encadréieren, wou och eng 36 Schüler aus der Hotelschoul an den Asaz kommen. Vun engem revisitéierter Tartare de Boeuf bis zur Quetschentaart, déi op der Zong zergeet. Ganz raffinéiert Kulinarik steet um Menü, awer et goufen awer och lokal Contrainten, zum Beispill wäerte si kee Schwäin zerwéieren an och op Alkohol beim Kache verzichten. Lëtzebuerger Wäi kritt een awer wuel beim Iessen an der sougenannter Schengen Lounge.
Den Direkter vun der Hotelschoul gesäit et als grouss Chance fir seng Schüler, datt si dierfe bei der Promotioun vum Land zu Dubai dobäi sinn an do international Erfarunge kréien.
Déi Jonk kréien am Virfeld Coursen iwwert d’Kultur am Mëttleren Osten an e Cours, fir d’Englesch ze verbesseren. Am Restaurant Alexis Heck zu Dikrech gi si vun en Donneschdeg u schonn an d’Situatioun vun der Weltausstellung versat, all Mëttwoch kann ee vun elo u mëttes oder owes en Dësch reservéieren an de Menü vun der Weltausstellung schmaache goen.
Présentation du concept gastronomique du pavillon luxembourgeois lors de l’Expo 2020 à Dubaï (24.10.2019)
Communiqué par: GIE Luxembourg@Expo 2020 Dubaï Le Luxembourg participera à l’Exposition universelle de Dubaï 2020, qui aura lieu du 20 octobre 2020 au 10 avril 2021 à Dubaï aux Émirats arabes unis. La programmation de la participation luxembourgeoise comprendra également un large volet dédié à la gastronomie, avec l’objectif de faire valoir l’excellence luxembourgeoise en la matière.
Le volet «gastronomie» a été développé en collaboration avec des représentants de l’Horesca, d’Eurotoques, du Vatel Club, du Lycée technique de Bonnevoie, de l’Institut viti-vinicole et de l’École d’hôtellerie et de tourisme du Luxembourg (EHTL). En tant qu’acteur incontournable dans le domaine de l’hôtellerie et du tourisme, l’EHTL a été chargée de l’élaboration d’un concept culinaire et du projet d’exploitation y relatif vu que l’école possède à la fois le savoir-faire et dispose d’une partie de la main-d’œuvre qualifiée requise.
Dénommé «Schengen Lounge», le restaurant occupera une place privilégiée au rez-de-chaussée du pavillon. La cuisine sera vitrée afin de permettre aux visiteurs et aux clients de voir les cuisiniers à l’œuvre. Pour les visiteurs plus pressés, le restaurant proposera un coin «take out» appelé «Luxembourg on a plate» avec de la petite restauration à emporter.
Le concept gastronomique élaboré par l’EHTL prévoit que le restaurant proposera non seulement la cuisine luxembourgeoise traditionnelle, mais aussi une cuisine aux différentes influences internationales, à l’image des restaurants du pays. L’ensemble des plats reflèteront ainsi le Luxembourg et sa diversité culturelle.
En ce qui concerne les services de restauration et d’encadrement des visiteurs du pavillon, l’EHTL permettra à ses étudiants de travailler dans le pavillon pour y assumer des missions en cuisine, en service et au niveau de l’accueil des visiteurs, en complément des ressources mis à disposition par un prestataire local. Au total 36 étudiants pourront ainsi mettre en pratique leurs connaissances acquises lors de leur formation à l’EHTL.
Les jeunes seront encadrés sur place par 3 enseignants de l’EHTL et par KimKevin De Dood, luxembourgeois de 28 ans, étoilé Michelin, chef de cuisine au Saint Pierre Kuala Lumpur et ancien élève de l’EHTL.