Eng vun de groussen Traditiounsadressen am franséische KonschthandwierkD’Manufacture Émaux de Longwy steet ferm ënner Drock

RTL Infos iwwersat vun RTL.lu
Jérôme Didelot
Zënter 2024 steet d'Firma ënner geriichtlechem Sanéierungsprozess.
Zënter 2024 steet "Émaux de Longwy" ënner geriichtlechem  Sanéierungsprozess.
Um Donneschdeg sollt viru Geriicht eng Decisioun iwwer dësen Traditiounsbetrib falen. Des ass awer elo em eng Woch no hanne verluecht ginn.

D’Manufacture Émaux de Longwy ass eng vun de groussen Traditiounsadressen am franséische Konschthandwierk. Mee no méi wéi zwee Joerhonnerten Existenz steet d’Entreprise ferm ënner Drock.
Dëse renomméierten Traditiounsbetrib gëtt et zanter 1798. Hei gi faarweg, emailléiert Keramike produzéiert, alles vun Hand. Wéinst der aktueller wirtschaftlecher Situatioun lafen d’Geschäfter awer net méi esou gutt ewéi fréier.

Zënter 2024 steet d’Firma ënner geriichtlechem Sanéierungsprozess. Um Donneschdeg sollt viru Geriicht eng Decisioun iwwer dësen Traditiounsbetrib falen. Des ass awer elo em eng Woch no hanne verluecht ginn.

Bei engem Crowdfunding si méi ewéi eng Millioun Euro zesummekomm. Ausserdeem hu sech 300 Leit un der Kapitalerhéijung bedeelegt. De 26. Februar gëtt d’Urteel gesprach.

Weider Informatiounen am Artikel op infos.rtl.lu.

Back to Top
CIM LOGO