KI an der Musek (2/2)Wéi betraff sinn d'Kënschtler an d'Fro vum Droit d'Auteur?

Chris Meisch
KI annoncéiert sech als déi gréisste Revolutioun, déi de kreative Secteur jee gesinn huet. KI-Programmer wäerten d'Aarbecht an alle kreative Beräicher beaflossen.
Zu Mexico-City hunn am Summer 2025 Acteuren aus der Film- a Museksindustrie fir méi Reguléierung vu KI am kreative Secteur demonstréiert.
© CARL DE SOUZA/AFP

Kënschtlech Intelligenz verännert d’Musekswelt net nëmmen technologesch, mee stellt och fundamental Froen iwwer d’Roll vum Kënschtler an iwwer d’Auteursrecht. De Chris Meisch mat engem Bléck op d’Positioun vun de Kënschtler an d’Grenze vum Auteursrecht am Zäitalter vun der KI.

KI an der Musek (2/2) Reportage: Chris Meisch

Datt Kënschtlech Intelligenz Musek produzéiere kann, ass mëttlerweil Realitéit. Op der KI-Plattform “Suno”, wou ee mat kënschtlecher Intelligenz selwer an e puer Minutten ee Lidd produzéiere kann, gi vun all den Notzer op der Plattform pro Dag Ronn 7 Millioune Lidder produzéiert. Dat illustréiert d’Vitess, mat där Kënschtlech Intelligenz Musek produzéiert, an erkläert, firwat dës Entwécklung, bei vill Kënschtler Suergen ausléist. De Christophe Reitz, Museker, Komponist a President vun der Fédération luxembourgeoise des auteurs et compositeurs (FLAC), vertrëtt zu Lëtzebuerg d’Interessen an d’Rechter vun Auteuren a Komponisten. D’Notze vu KI ass fir hien net verkéiert. Wa se awer genotzt gëtt, fir mat e puer Klicks selwer Musek op Basis vu Lidder oder Kënschtler ze produzéieren, ouni datt dofir déi néideg Lizenzen oder Zoustëmmunge virleien oder de Kënschtler remuneréiert gëtt, gëtt et problematesch.

“Well et mënschlech gesinn net méiglech ass, do matzehalen. Wann ech 15 Lidder an enger Minutt ka generéieren, da stells du dir als Komponist natierlech d’Fro: ‘Wou bleiwen ech do? A wat kann ech maache fir an 10 Joer nach Aarbecht ze hunn?’ Dat heescht: technologesch Capacitéite gi vu Minutt zu Minutt besser an natierlech stelle mir eis d’Fro: Wéi kënne mir eis, wéi musse mir eis ännere fir kënne matzehalen?”

D’Kënschtler hunn zum groussen Deel keng Kontroll doriwwer, wat KI-Programme mat hirer Musek maachen. Et gi Programmer, déi d’Stiler vun de Kënschtler kopéieren an domat Gewënn maachen ouni een Deel vum Gewënn zréckzeginn. D’Kënschtler wëllen net aus dem Ekosystem ausgeschloss ginn. Eppes, op dat een an Zukunft baue misst, ass de mënschleche Faktor bei der Musek.

“Ech sinn ee Kënschtler an ech maache méi wéi just ee Produit. Et gëtt Musek, déi aktiv gelauschtert gëtt a Musek, déi gehéiert gëtt. An ech mengen, mir mussen eis vill méi eraschaffen an déi Musek, déi gelauschtert gëtt. Dat heescht, mir mussen eng Visioun dohannert hunn, mir mussen eppes hunn, mat deem mir deem, wou eis Musek lauschtert, eppes méi gi wéi just den Audio. Ech mengen, et ginn nach aner Weeër, wéi just de fäerdege Produit vum MP3-Fichier oder der Audiodatei, déi ee mat der Konscht vermëttele kann.”

Eng nach méi komplex Fro stellt sech beim Auteursrecht. Grondsätzlech kann en Auteursrecht nëmme fir Wierker gëllen, déi vun engem Mënsch geschaaft goufen. Bei KI-generéierter Musek ass dat net ëmmer kloer. De Marc Nickts, Gérant vun der Société des Auteurs, Compositeurs et Éditeurs de Musique (SACEM), enger vun de gréisste Verwäertungsgesellschafte fir Musek an Europa, gesäit hei grouss rechtlech Onkloerheeten.

“Déi éischt Demarche war fir ze soen: ‘ok komm mir sëtzen eis ronderëm een Dësch a fannen ee Modell, wou d’Rechter respektéiert ginn, a wou dann och d’Auteuren an d’Kompositeuren, deenen hir Wierker massiivst geklaut ginn, remuneréiert ginn. Dat huet sech leider bis elo net verwierklecht. Also geet et op villen Ebenen a Geriichtsprozesser, wou dat da muss gekläert ginn. Prinzipiell si mir net dogéint, mee nëmme wann och eis Leit, déi mir representéieren, een Deel vum Kuch kréien.”

D’SACEM vertrëtt Auteuren, Komponisten an Editeuren a suergt dofir, datt si fir d’Notzung vun hire Wierker bezuelt ginn. Den Ament ginn et keng Lizenze mat Verwäertungsgesellschafte wei der SACEM, déi autoriséieren, geschützte Musekswierker systematesch fir den Training oder d’Generéiere vu KI-Musek ze benotzen.

“Dat ass sécherlech een Theema, wou onbedéngt muss reagéiert ginn, dat ass op där enger Säit ee Marché kreéieren, wou déi Strukturen, déi eise Repertoire benotzen, Autorisatioune mat eis negociéieren an déi dann och respektéieren an op der zweeter Ebene, dass och déi Wierker gekennzeechent sinn, déi AI sinn an déi net AI sinn.”

De Kënschtler si wat den Droit d’Auteur ugeet dräi Facteure wichteg: Si hätte gären ee Recht drop selwer ze bestëmmen, ob hir Musek benotzt gëtt fir KI-Programmer ze trainéieren, Transparenz wéi hir Musek benotzt gëtt, an d’Remuneratioun wa spéider op Basis vun hirer Musek Gewënn gemaach gëtt.

Den AI Act, ass een europäescht Gesetz, dat den Ëmgang mat kënschtlecher Intelligenz reegelt a virschreift, datt Inhalter an Europa, déi vu Kënschtlecher Intelligenz generéiert ginn, vun dësem August un, kloer als esou gekennzeechent ginn.

Back to Top
CIM LOGO