Nodeems mer lo an déi drëtt Woch vun der Quarantän kommen, misst et deem Leschte bewosst ginn, datt dat hei e Marathon ass, kee Sprint.

Fir d’éischte Kéier an der Geschicht kann een d’Mënschheet retten, andeems een um Kannapee bleift an d’Tëlee kuckt. A fir dat net an de Sand ze setzen, gëtt et eng Rei Serien, déi kënnen hëllefen, Doheem ze bleiwen.

Den Dokter Gregory House ass en exzellenten Diagnostiker. Mä hie kann net mat Leit ëmgoen. Zum engen, well hien einfach seng Patienten net gär huet, zum aneren, well hie sech mat enger Bakterie infizéiert hat, déi säi Beemuskel geschiedegt huet an en doduerch ëmmer Péng huet. Duerfir gräift hien zréck op en Team vu jonken Dokteren, déi net méi wéi Frou sinn, him ze hëllefen. D'Dokter Cuddy, d’Direktesch vum Spidol, huet déi ondankbar Aarbecht, hien an der Gitt ze halen.

“Dr House” ass op der amerikanescher Tëlee 2004 ugaangen an hat direkt Succès, well et emol eppes anescht war, wéi déi üblech Doktesch-Serien. All Fall vun der Woch ass presentéiert gi wéi e Rätsel, dat huet misste geléist ginn, vum Dokter a sengem Team. D’Patienten hunn dacks bizare Symptomer gewisen, déi dann, no villem hin an hier, meeschtens op eng exotesch Krankheet higewisen hunn. Den House selwer war e komplexe, granzege Personnage, deen och seng vulnerabel Säiten hat.

D’Serie ass bis 2012 gelaf a krut eng Rei Präisser. Déi 177 Episode sollten bis Mëtt Mee daueren, bis dohinner si mer hoffentlech méi no un engem Heelmëttel.

House M.D. gëtt et op Amazon, mat 8 Staffelen.

D'Deeler aus "Serië fir e Marathon"

D'Deeler aus "Serien aus anere Kulturen"