Kënschtler triede fir Senioren op, fir hinnen e puer schéi Momenter ze schenken
Virun allem déi eeler Leit an Alters- a Fleegeheemer hunn an deene leschte Woche staark ënnert dem Social Distancing an der Isolatioun gelidden.
Ëm sou wichteg ass et, dass een de Bewunner an dësen Zäiten eng Oflenkung an ee Liichtbléck bitt. Genau dofir huet d'Realisatrice Frédérique Buck de Projet "Window Loving" an d'Liewe geruff. Zanter dem 17. Abrëll kënnen d'Bewunner vun der Hollerecher Senioreresidenz "Belle Vallée" zweemol d'Woch eng Performance vun engem Lëtzebuerger Kënschtler kucken a genéissen – dat Ganzt vun der Fënster aus. Sechs Kënschtler aus deene verschiddensten Disziplinne si bis ewell virun de Fënstere vun der Senioreresidenz Belle Vallée opgetrueden. Och der Schauspillerin a Schrëftstellerin Gintare Parulyte louch et um Häerz, deenen eelere Leit an dëser schwéierer Zäit eng Freed ze maachen. Si huet an hirer Performance Liblingslidder vu Bewunner mat ganz perséinleche Messagë vun hire Léifste verbonnen. Et war een emotionalen Optrëtt.
Verschidde Senioren, déi normalerweis net sou reaktiv oder net einfach ze begeeschtere sinn, hu bis ewell ganz positiv op déi kënschtleresch Interventioune reagéiert an esou huet de Projet "Window Loving" seng Missioun lo schonn erfëllt.
Alt nach eng Initiativ, déi beweist, dass och a schwéieren Zäite vill schéi Momenter entstoe kënnen.