Perséinlechkeeten aus dem Lëtzebuerger Kulturliewe presentéiert an engem neien "art-eckege" Format.

Konscht fir d'Massemedien, Motiver aus dem Alldag an d'Verännerung vum Konsumverhalen: Pop Art aus de 60er Jore steet fir eng beweegten Zäit. Artiste wéi den Andy Warhol, de Roy Lichtenstein a méi spéit de Keith Haring hunn alles dat als Inspiratioun fir hir plakativ Wierker geholl.

Pop Art war Deel vun der Massekultur - Konscht a Konsum sinn op eemol Hand an Hand gaangen. E Stil, dee perfekt an d'Nokrichszäit gepasst huet, d'Leit wollten erëm entertained ginn.

Hiert Verlaangen nom Konsum war enorm grouss. Déi populär Massekultur huet och spéider den Escher Artiste Michel Majerus interesséiert. 1967 gebuer, eng Woch, nodeems d'Beatles hire legendären Album Sgt. Peppers Lonely Hearts Club Band erausbruecht hunn.

De Michel Majerus gëllt haut als deen eenzege Lëtzebuerger Pop-Art-Vertrieder, deen um Konschtmarché weltbekannt ass. Ëffentlech Institutioune kënne sech seng Wierker kaum nach leeschten.

Seng Konscht wëll zäitlos sinn an och no 20 Joer net hir Qualitéit verléieren. Se sollt, einfach gesot, wéi eng gutt Moud funktionéieren. Hie war en Artist aus den 1990er Joren, eng Zäit, déi sech duerch déi technesch Fortschrëtter auszeechent. Den Alldag ass ëmmer méi digital ginn.

Computerspiller konnt de Michel Majerus stonnelaang spillen. Comic-Helden, monochrom Toillen, japanesch Mangaen a Spréch aus der Pub. De Michel Majerus huet sech vu senger Zäit lenken an dreiwe gelooss a wier och sécherlech haut nach vun der technescher Evolutioun inspiréiert.

De Flug 9642 vu Berlin op Lëtzebuerg ass dem Moler 2002 am jonken Alter vun 35 Joer zum Verhängnes ginn. Säi Wierk lieft awer bis haut nach weider a gëtt opgeschafft a geréiert. Ëm déi 3.000 Biller huet hien hannerlooss.

Art Eck - ëmmer freides um 19h50 op RTL Télé Lëtzebuerg an am Replay op rtl.lu.