2020 war en Joer, dat méi schlëmm bal net hätt kënnen op en Enn goen.

Den 1. Dezember ass e Mann mam Auto duerch d'Tréierer Foussgängerzon gerannt. Et goufe 5 Doudeger, dorënner en Puppelche vu 9 Wochen, a 24  deels schwéier Blesséierter. En schwaarzen Dag fir Tréier a ganz Däitschland. Et waren dramatesch Biller.

Wéi geet ee selwer mat esou engem schlëmme Virfall ëm?

De bekannte Pianist David Ianni huet sech op seng Manéier domat auserneegesat an eng emouvant Iddi realiséiert, fir den Affer an den Hannerbliwwenen ze gedenken. Dat ganzt a Form vun engem Pianosstéck.

De Museker huet eis an der Lëtzebuerger Nopeschstad mat op déi Plaze geholl, wou sech d'Amokfaart ofgespillt huet. Donieft huet hien eis Ablécker a säin neit Stéck ginn an erzielt, wéi d'Iddi dozou entstanen ass.