E Mëttwoch de Moien um 10.30 Auer war bei der Porta Nigra zu Tréier eng Gedenkzeremonie fir d'Affer vun der Amokfaart.

Tréier trauert, Tréier leit, mä Tréier resignéiert net. Dat sot e Mëttwoch de Moien den Oberbürgermeister Wolfram Leibe virun der Porta Nigra, wou eng Gedenkzeremonie fir d’Affer vum Attentat war.

Impressioune vun Tréier vum Dany Rasqué

Si waren zu Dausende mat Blummen a Käerze virun d'Porta Nigra komm. Si stoungen net wäit ewech vun där Strooss, wou de presuméierten Täter en Dënschdeg no 4 Minutte puerem Wansinn festgeholl gouf. Den Oberbürgermeister Wolfram Leibe huet a senger Ried gesot, elo, an deenen nächste Wochen an an deenen nächste Méint géif et drëm goen Solidaritéit ze weisen. Solidaritéit, vis-à-vis vun de Mënschen déi betraff sinn.

Et war eng ganz emouvant Gedenkfeier, op där ënner anerem den Oberbürgermeister gewisen huet, wéi no him dat Attentat geet. Et wier een zu Tréier eng kleng Stad, et géif ee sech kennen... och en Oberbürgermeister, deen duerch d'Stroossen trëppelt an do zougedeckte Mënschen um Buedem leie gesäit, géif Bekannter erkennen, Frënn a Mënschen, deenen ee begéint wier. Änlech Wierder koume vun der Ministerpresidentin aus Rheinland Pfalz.

Malu Dreyer: "Es ist ein furchtbares Ereignis hier in unserer schönen Stadt, die so beschaulich, immer so wunderbar friedliebend ist. Und keiner von uns hat sich jemals vorstellen können, dass so etwas hier passieren könnte. 5 Menschen sind gestern hier in der Fußgängerzone, mitten aus ihrem Leben gerissen worden. Andere Frauen und Männer, sie kämpfen im Krankenhaus um ihr Überleben und mit schweren Verletzungen."

De Wolfram Leibe sot, datt en Donneschdeg um 13.46 Auer ganz Tréier trauert. Dat ass deen Zäitpunkt, wou de presuméierten Täter ugefaangen huet, Leit z’iwwerrennen.

Dausende Leit hate sech bei der Porta Nigra versammelt
E Mëttwoch de Moie war eng Gedenkzeremonie fir d'Affer vun der Amokfaart zu Tréier.

Grouss Solidaritéit zu Tréier:

Mat Käerzen a Blummen hunn Dausende Leit virun der Porta Nigra un d'Affer vum Attentat erënnert. E Mëttwoch de Moien, op deem vill Leit guer net konnte gleewen, wat geschitt ass.

Tréier, een Dag duerno

Moment vu Stëllt

Och d'Lëtzebuerger Kathoulesch Kierch weist sech solidaresch mat den Affer no der Amokfaart zu Tréier. Mat engem Ament vun der Stëllt soll den Doudesaffer an de Blesséierten, dorënner e Lëtzebuerger, erënnert ginn. Dësen individuellen Time-Out ass e Mëttwoch de Mëtteg um punkt 15 Auer. D'Responsabel vum Bistum froen d'Leit am Land, e Memento vu Stëllt ze maachen an domat den trageschen Evenementer z'erënneren.