Zanter Mäerz lescht Joer sinn déi grouss an déi mi kleng Concertshale ganz zou. Nëmmen vereenzelt Concerten ënnert strikte Mesurë ware bis elo méiglech.

Mir stellen Iech 4 verschidde Café-Besëtzer vir, déi méi maache wéi Gedrénks verkafen. Et sinn déi kleng Concertsorganisateuren - d'Kultur-Caféen a Baren, déi Alternativen zu de Mainstream-Concerten ubidden.

De Stater Konrad Café

Iwwer 10 Joer gëtt et schonn de Konrad Café an der klenger Säitestrooss an der Stad. De gebiertege Mazedonier Ejup Abdili ass u sech op Lëtzebuerg komm, well hien an den EU-Institutioune schaffe wollt. De Plang huet sech geännert an hien huet Gefalen um Lëtzebuerger Nuetsliewe fonnt.

5 Joer huet hie selwer am Konrad als Employé geschafft an zënter 2019 sinn hien a säi Brudder Proprietär vum Café: „Dunn koum d’Pandemie a mir hu geduecht, et wier just fir e puer Méint, a mir waren allen zwee nach positiv agestallt. Mä elo entwéckelt sech d’Situatioun an eng negativ Richtung, déi ech mir esou net konnt virstellen.“ Den Ejup Abdili huet sech dofir decidéiert, de Café opzeloossen, fir de Kontakt mat de Leit net ze verléieren a fir hir positiv Astellung z'ënnersträichen. Op d'mannst ee mol d’Woch huet de Konrad Café am Keller op der klenger Bün ee kulturellt Evenement ugebueden. D’Identitéit vum Konrad Café zeechent sech duerch hir multikulturell Clientèle aus, ma awer och duerch hir villfälteg Offeren: „Vill Artisten aus ville verschiddene Länner vun der ganzer Welt sinn heihinner spille komm an hunn awer och gläichzäiteg Lëtzebuerg entdeckt. Fir vill Leit ass Lëtzebuerg onbekannt. Mir hate meeschtens keng kommerziell Concerten a mir hu vill no neien oder lokalen Artiste gesicht an hunn hinnen hei eng Plaz ginn. An dat ass eis Identitéit. Et komme vill jonk, international Leit heihinner mat ënnerschiddleche Backgrounds a Liewensgeschichten. Dat ass de Konrad.“

D'Organisatioun vu Concerten ass gläichzäiteg mat ville Käschte verbonnen. D’Léisung fir de Konrad war et dofir ëmmer mat Sponsoren ze schaffen: „Mir maache kee Profit mat de kulturellen Evenementer. Mir wëllen eng Plaz sinn, déi iwwert de Profit eraus denkt. Eis ass et wichteg, eng sozial an kulturell Venue ze sinn. Mir wëllen also d’Kultur promouvéieren an neien Artisten esou eng Stëmm ginn.“

Den Ejup Abdili huet Versteesdemech fir d’Regierung an hir Decisiounen, ma fir hie misst awer bei Wäitem méi fir den Horesca Secteur gemaach ginn: „D’Politiker musse verstoen, datt wann si net méi maachen, wéi dat wat bis elo gemaach ginn ass, da gëtt et immens komplizéiert d’Stad attraktiv ze halen. Wéi eng Zukunft huet Lëtzebuerg ouni Concerten, Musek an ouni d’Artisten. Ech fannen dat misst schonn en Haaptthema sinn.“

Fir de Proprietär vum Konrad Café sinn et immens erausfuerderend Zäiten. Den Ejup Abdili mécht sech zousätzlech Suergen ëm d’Identitéit vu sengem Café, e Café deen dofir steet, datt vill Leit zesummekommen an eng gutt Zäit matenee verbréngen: „Heiansdo wann ech drun denken, wat mir virdrun haten, fält et mir immens schwéier. Et kënnt mir scho bal wéi en Dram fir. Elo huet sech alles geännert. Och wann ech e positive Mënsch sinn, gesinn ech awer am Moment keng Luucht um Enn vum Tunnel.“

Déi aner Deeler vun der Serie

Serie Kulturcaféen (1): De Rocas bei der Badeanstalt
Serie Kulturcaféen (2): De Flying Dutchman zu Beefort
Serie Kulturcaféen (3): De Gudde Wëllen an der Stad