Wéi säin Dokter Len Horovitz e Mëttwoch matgedeelt huet, wier hien den 9. Mäerz enges natierlechen Doudes gestuerwen.

Am Joer 1976 hat hien d'Leedung vum Met-Orchester iwwerholl. 40 Joer laang war hien als Dirigent täteg. Wéinst senger Parkinson-Erkrankung huet hie sech am Joer 2016 vun der Met-Spëtzt zeréckgezunn, ass awer musikalesch weider aktiv bliwwen an huet e Programm fir jonk Kënschtler geleet.

No enger interner Enquête an der Metropolitan Opera gouf hien no 4 Joerzéngten Zesummenaarbecht wéinst Mëssbrauchsvirwërf entlooss. De Levine war ee vun ville Prominenten, dee seng Karriär am Kader vun der #MeToo-Beweegung un den Nol gehaangen huet. Hie krut reprochéiert, tëscht de 70er Joren an 1999 am Ganze 7 Männer mëssbraucht oder belästegt ze hunn.