Wien decidéiert, wat richteg Lëtzebuergescht ass?Mir waren do, wou d’Sprooch definéiert gëtt

Philippe Dondelinger
Wann een net weess, wéi eppes geschriwwe gëtt, ass den LOD dacks déi éischt Adress. Ma et bleift d'Fro, wien eigentlech decidéiert, wat richtegt Lëtzebuergescht ass.
Wien decidéiert, wat richteg Lëtzebuergescht ass?
Wann een net weess, wéi eppes geschriwwe gëtt, ass den LOD dacks déi éischt Adress. Ma wien eigentlech decidéiert, wat richtegt Lëtzebuergescht ass.

Mir waren do, wou d’Sprooch definéiert gëtt

Wann ee sech net sécher ass, wéi ee Wuert geschriwwe gëtt, da geet ee séier op lod.lu. Fir vill ass et déi ultimativ Referenz fir d’Lëtzebuergescht. Mä eng Fro bleift: Wien decidéiert eigentlech, wat richteg ass a wat net?

Fir dat erauszefannen, si mir dohinner gaangen, wou den LOD entsteet: an d’Gebai vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) zu Stroossen.

All zwou Sekonnen eng Sich: Lëtzebuergesch boomt online

D’Zuele vum leschte Joer weisen, wéi staark de Besoin no Lëtzebuergesch ass. Am Joer 2025 goufen iwwer 12,6 Milliounen Artikelen opgeruff, dat si 17 % méi wéi nach dat Joer virdrun. D’Sichfunktioun gouf esouguer méi wéi 14,4 Millioune Mol benotzt. Dat entsprécht bal 40.000 Ufroen den Dag oder ganz konkret: all 2,2 Sekonnen eng Sich. Den LOD ass domat fir vill Leit en Alldagsinstrument ginn, egal ob an der Schoul, am Beruff oder am Journalismus.

“Mir kréien all Dag nei Proposen”

Et gëtt engem och kloer: Den LOD ass keen zouene System. Am Joer 2025 goufe ronn 2.500 nei Wuertvirschléi vun de Benotzer agereecht. Dobäi kommen nach iwwer 560 Verbesserungsvirschléi fir Artikelen, déi schonn online sinn. D’Leit kënnen also selwer aktiv matmaachen an d’Sprooch matgestalten.

Hannert de Kulissen: Eng Ekipp, déi d’Sprooch analyséiert

Am ZLS zu Stroossen am Service vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire schafft eng ganz Ekipp vu Linguisten a Sprooch-Experten un de Contenuen. Hei gesäit een: et gëtt diskutéiert, nogefrot an och heiansdo ofgewisen. Net alles, wat proposéiert gëtt, kënnt automatesch an den LOD. D’Experten analyséieren, wéi Wierder am Alldag benotzt ginn, wou se hierkommen a wéi se an d’Rechtschreiwung passen.

“Richteg” oder “falsch” – wien huet d’lescht Wuert?

Genee bei dëser Fro gëtt et spannend. Den LOD gëtt eng kloer Orientéierung, baséiert op offizieller Rechtschreiwung a Fuerschung. Mä d’Sprooch selwer ass permanent am Wandel. Et gëtt net ëmmer nëmmen eng eenzeg “richteg” Äntwert. Sprooch entwéckelt sech, an den LOD passt sech un.

Eng Sprooch, déi gelieft gëtt

Ob nei Wierder, Aflëss aus anere Sproochen oder al Begrëffer, déi erëm opkommen, den LOD dokumentéiert dat alles. Domat gëtt en zu engem wichtege Spigel vun enger Sprooch, déi net nëmme festgeluecht, mee all Dag gelieft gëtt.

Méi wéi nëmmen e Wierderbuch

Hannert lod.lu stécht vill méi wéi nëmmen eng Datebank. Et ass eng Kombinatioun aus Fuerschung, Alldagssprooch an der Participatioun vun de Leit. D’Fro, wien decidéiert, wat richteg Lëtzebuergesch ass, bleift zwar spannend, mä eng Saach ass kloer: D’Sprooch gehéiert net nëmmen den Experten, mee och de Leit, déi se all Dag schwätzen.

Back to Top
CIM LOGO