New York Times melltEn zweeten amerikanesche Kampfjet ass vun iranescher Loftofwier ofgeschoss ginn

RTL Lëtzebuerg
Nieft engem Kampfjet vum Typ F-15E soll och eng A-10 Thunderbolt II getraff gi sinn.
Beispillfoto vun enger A-10, wéi se vun der amerikanescher Loftwaff agesat gëtt.
Beispillfoto vun enger A-10, wéi se vun der amerikanescher Loftwaff agesat gëtt.
© BRETT JOHNSEN/NurPhoto via AFP

No dem Ofschoss vun engem US‑Kampfjet vum Typ F‑15E huet d’US‑Militär kuerz drop och eng A‑10 Thunderbolt II verluer. Iranesch Quelle mellen, d’A‑10 wier vun der Loftofwier getraff ginn a wier an de Persesche Golf gefall. De Pilot konnt gerett ginn. Eng offiziell Bestätegung vu Washington feelt bis elo.

Am Fall vun der F‑15E, déi iwwer dem Zentraliran ofgeschoss gouf, ass ee Crew‑Member a Sécherheet, no dem Zweete gëtt nach gesicht. Wärend der Rettungsaktioun goufen US‑Medieberichter no och zwee US‑Militärhelikoptere vum iranesche Militär getraff, den Equipage blouf awer onverletzt.

Den Iran huet eegenen Aussoen no eng grouss Sichaktioun no de Pilote gestart a seng Bevëlkerung dozou opgeruff, sech dorunner ze bedeelegen. Fir d’Arrestatioun gouf eng Belounung an Aussicht gestallt.

Back to Top
CIM LOGO