
No engem Hackerugrëff op d’Uffizi zu Florenz goufen déi wichtegst Konschtwierker a Sécherheet bruecht, dat well d’Suerg do war, dass d’Täter en Abroch kéinte geplangt hunn. De weltbekannte Musée huet dowéinst och direkt Dieren an Noutausgäng versigele gelooss.
Mat den Donnéeën, déi d’Hacker schonn zanter Februar solle sammelen, wéilten si elo Suen erpressen. Nieft Passwierder sollen awer och d’Pläng vun den Iwwerwaachungskameraen geklaut gi sinn.
Déi 500 Joer al Uffizi gehéiere mat Konschtwierker vum Michelangelo oder Leonardo da Vinci zu de bedeitendste Konscht-Sammlungen op der Welt.