Wéi verschidden international Medie mellen, ass den Acteur am Alter vu 64 Joer un de Suitte vu senger Kriibserkrankung gestuerwen.

Net seelen huet hien a Filmer a Serien d'Roll vun engem Mafioso verkierpert. Ënnert anerem huet hien de Mafia-Papp Johnny an der US-Serie "The Sopranos" gespillt oder de Fred Goldman an der Serie "American Crime Story". "The Sopranos" ass eng vun den erfollegräichsten US-Serien a gouf ënnert anerem mat e puer Emmy Awards a Golden Globes ausgezeechent.

Säin Debut um groussen Ecran hat de Siravo 1993 mam Gangsterfilm "Carlito's Way" un der Säit vum Al Pacino a Sean Penn. Donieft war hien och a Serië wéi "Law & Order" oder "Elementary" ze gesinn.

An de sozialen Netzwierker hu verschidde Staren hirem Frënd a Schauspill-Kolleeg Äddi gesot. "RIP mäi léiwe Frënd, deen en aussergewéinleche Kampf gekämpft huet. Ech wäert dech vermëssen. Mir gesinn eis op der anerer Säit", schreift de Garry Pastore.

Vum Maureen Van Zandt aus "The Sopranos" heescht et, dass hien en talentéierten a léiwe Mann war.