Preview NightLëtzebuerger ESC-Fans hu sech fir eng Watch Party zu Biissen gesinn

Annelena Stiegler
ESC-Fans sinn de 27. Mäerz zu Biissen zesummekomm. Si hu sech um Event wuel am meeschten op den Optrëtt vum Eva Marija gefreet.
Lëtzebuerger ESC-Fans hu sech fir eng Watch Party zu Biissen getraff
ESC-Fans sinn de 27. Mäerz zu Biissen zesummekomm. Si hu sech um Event wuel am meeschten op den Optrëtt vum Eva Marija gefreet.

Mat hirem Lidd “Mother Nature” muss d’Sängerin sech am Mee zu Wien géint 35 aner Natioune behaapten.

An der éischter Halleffinall vum Eurovision Song Contest muss d’Eva Marija genuch Stëmme kréien, wa Lëtzebuerg och an der Final wëll dobäi sinn. A vun der Konkurrenz konnten d’Eurovisiounsfans sech e Bild maachen.

De Voting fléisst an d’Statistik vun der OGAE an, d’Organisatioun vun Eurovision-Amateuren. A 44 europäesche Länner ginn et Fanclibb vum ESC, déi an engem Verband oder enger Struktur zesummegefaasst sinn.

Op der Bün stoungen och nach eng Kéier eng Rei LSC-Kandidaten. Den Erléis vum Owend war fir e gudden Zweck. D’Fans bleiwen elo gespaant op d’Resultater, déi nächst Woch vum OGAE erauskommen. D’Virfreed op den ESC ass zu Biissen jiddefalls grouss.

Back to Top
CIM LOGO