Elo huet hie sech un eng nei Disziplin erugetraut: d’Schauspillerei. Am Februar konnt een dem Edsun säin éischt Theaterstéck “Moth” am Mierscher Theater gesinn.
Wärend senger Karriär, déi den Edsun am Alter vu 25 Joer ugefaangen huet, huet hien ëmmer mat verschiddene Konschtformen experimentéiert. Hie schreift seng eege Lidder, séngt an danzt. Ma och als Produzent, Choreograph a Regisseur vu Museksvideoe konnt de Kënschtler sech iwwert déi lescht Joren etabléieren. 2024 war hie bei der éischter Editioun vum Luxembourg Song Contest ugetrueden, wou hien et bis an d’Final gepackt huet. Déi Joren duerno stoung hien de Kandidaten als Coach a Songwriter zur Säit. Fir säin éischt Theaterstéck “Moth” iwwerhëlt den Edsun direkt d’Roll vum Komponist, Regisseur, Choreograph a Schauspiller.
D’Stéck dréit den Titel “Moth” wat op Lëtzebuergesch “Matt " bedeit. Ëmmer rëm gräift den Edsun dofir d’Allegorie vun der Luucht op, déi d’Matte jo bekanntlech unzitt.
D’Bünebild transforméiert sech am Laf vum Stéck vun engem Backstage-Beräich an ee Parking. Moth ass en hybrid Theaterstéck, dat sech tëscht Performance, Danz, Gesang an awer och der Ausernanersetzung mat den eegene Gedanke beweegt. D’Lidder, déi een am Stéck héiert, si Kompositioune vum Edsun, d’Choreographie ass vum Dänzer Tristan Sagon, den mam Edsun zesummen op der Bün steet.
Et ass en Theaterstéck fir Jonk an Al. Et ginn Themen ugeschwat wéi Léift, Frëndschaft ma awer och Ofleenung. Dobäi kënnt, datt net nëmmen déi zwou Welte vum Ely a vum Dré sech treffen, mee och d’Universe vum Theater an dem Gesang.