Musek ass, wéi ee sou schéi seet, eng universell Sprooch. Se verbënnt a baut Barrièren of.

A bei verschiddene Krankheeten hëlleft Musek souguer, d’Symptomer ze reduzéieren, wéi zum Beispill bei Parkinson. Gesang a Musek stimuléieren nämlech d’Motorik an d’Ootmung. Dofir organiséiert d’Fondatioun EME och reegelméisseg musikalesch Ateliere mat Parkinson-Patienten trotz, a wéinst, der Pandemie. A fir deene Betraffenen eng kleng Freed ze maachen, hunn déi Responsabel ee flotte Projet op d’Been gestallt: Privat-Concerte bei de Leit doheem.

Et ass e sportleche Programm, deen d’Chantal an de Laurent sech virgeholl hunn: 6 Concerten an engem Dag spillen. Net op der Bün, mä bei de Leit doheem. An zwar bei Mënsche mat Parkinson. E gemeinsame Projet vun der Fondatioun EME an der Parkinson Lëtzebuerg asbl.

Zanter Dezember spillen de Laurent an d’Chantal reegelméisseg Concerte fir Leit, déi sech net selwer deplacéiere kënnen, a sinn dofir a Klinicken oder Dagesstrukturen ënnerwee. An den 9. Mee dann eben an de Gäert vun hirem Publikum. Eng flott Ofwiesslung, fënnt de Laurent Kohn, dee mat senger Gittar dobäi ass.

Zanter 5 Joer schafft d’Fondatioun EME mat der Parkinson Asbl zesummen. Si offréieren deene Betraffene Concerten am Parkinson-Zenter zu Leideleng, organiséiere musikalesch Projeten a proposéiere Gesangsworkshoppen – zanter der Pandemie och online. Ma do feelt awer de perséinleche Kontakt. An esou koum d’Iddi vun de Privat-Concerten, fir de Betraffenen ze weisen, dass se net eleng sinn.

Sarah Bergdoll, Fondatioun EME: “Vun deem, wat si mir erzielt hunn, ass et wierklech ganz schwéier fir si, well si halt an d’Isolatioun a Solitude falen an doduerch sech hir Krankheet méi séier entwéckelt, well hinnen déi sozial Kontakter feelen. An dat ass genee dat, wat mir wëlle mat dëser Aktioun, genee sou wéi mat eise Gesangsworkshoppen, einfach de Leit weisen, dass si net eleng an hirer Solitude sinn an dass mir u si denken an hinne Musek a Freed bréngen.”

Freeë konnt sech och d’Sylvie, den Éieregaascht vun dësem klenge Concert. Si lieft schonn zanter 18 Joer mat der Diagnos Parkinson a geet reegelméisseg op Leideleng, wou si mat anere Betraffenen Zäit verbréngt an och emol musizéiert.

Sylvie Mahowald: “Ech hu Musek immens gären. Ech fannen, et vergësst een direkt seng Suergen. D’Trauregkeet verflitt. Mir hu bei Parkinson och e Grupp, wou mir gesongen hunn, wou mer dann och vill lëtzebuergesch Lidder gesongen hunn. Dat ass ëmmer flott, well een dat haut net méi sou oft héiert.”

An esou grouss, wéi d’Freed beim Sylvie ass, ass se och bei de Museker selwer, fir spillen ze kënnen. Net just well Concerten den Ament souwisou éischter rar sinn, ma virun allem och, well si méi iwwer d’Leit an hir Krankheet gewuer ginn, esou de Laurent Kohn, Museksproff bei der Ugda. An och fir d’Chantal Kirsch wier hiren Engagement bei der Fondatioun EME, an domat och dës Concertsrei, eng wäertvoll Erfarung. Zesumme mam Laurent huet si Lidder preparéiert, déi déi Betraffe schonn aus de Workshoppe kennen, an déi se gär hunn.

Sou wéi d’Marie-Jeanne Schollmeyer. Och si huet vum Laurent a Chantal Besuch kritt, an huet fläisseg matgesongen. Zanter 7 Joer weess si, dass se Parkinson huet. Genee sou wéi d’Sylvie war si direkt dobäi, fir ee Privat-Concert ze kréien a freet sech iwwert déi al lëtzebuergesch Lidder, déi een direkt an d’Jugend zréck versetzen.

Marie-Jeanne Schollmeyer: “Ech kann zwar net gutt sangen, awer ech sangen ëmmer mat, ob dat falsch ass oder net, ass egal. Mä mir hu jo ëmmer Musek gemaach zu Leideleng an dat kënne mer jo net méi maachen. Also ech fannen dat hei immens.” Och wann d’Concerten an engem klengen, intime Kader gespillt ginn, kënnt awer Stëmmung op."

Laurent Kohn, Museksproff bei der Ugda: “Déi Reaktiounen, déi do zréckkommen, déi beréieren een heiansdo méi, wéi wann een e Concert an engem grousse Sall spillt. Dat ass immens éierlech, et beréiert een halt, wann ee gesäit, dass d’Leit ufänken, matzesangen an dass een déi richteg Stécker getraff huet.”

An och d’Chantal Kirsch wäert dësen Dag an Erënnerung behalen, seet si. Chantal Kirsch, Musekerin: “Et denkt een oft nach am Nachhinein driwwer no. Am Moment selwer geet et ëmmer séier, besonnesch wann ee puer Concerten hannerteneen huet. Mä dat hannerléisst schonn en déiwen Androck.”

Eng gelongen Aktioun deemno, fir d’Museker genee sou wéi fir déi Leit, déi sech iwwert eng kleng Oflenkung vum Alldag freeë konnten.