Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch huet zesumme mam Service Script vum Educatiounsministère 30 Videoe produzéiert.

Déi Videoe solle kuerz a knapp d’Quintessenz vun der Orthographie vun eiser Sprooch vermëttelen. Déi komplizéiert Ausname ginn dobäi ewechgelooss. Zil ass et, d’Basis ze festegen an eventuell Loscht op méi ze maachen.

Déi kleng Clippe goufen esou animéiert, datt se en héijen didaktesche Wäert hunn an iwwert de sougenannte "Visual Learning" méi einfach ze verhale sinn. D’Buschtawe sinn dobäi zu den Acteure ginn an dat op eng spilleresch a ganz kreativ Aart a Weis.

Wie genee hannert dem Projet stécht, wou vu Musek iwwer Animatioun an natierlech dem Contenu näischt dem Zoufall iwwerlooss gouf, dat gesitt Der am Detail am Reportage am Magazin.

D’Videoe "Lëtzebuergesch richteg schreiwen" gesitt Der och ëmmer freides a samschdes kuerz virun 19 Auer, op der Tëlee. Dir fannt se awer och op ZLS.lu an op RTL Play.