
D'New York Knicks hu sech e Sonndeg de Moie fréi Lëtzebuerger Zäit fir d'éischte Kéier zanter 1973 nees zum NBA-Champion gekréint. Duerch eng 94:90-Victoire géint d'San Antonio Spurs am Match fënnef vun de Finals huet d'Ekipp aus dem Big Apple d'Best-of-seven-Serie mat 4:1 fir sech entscheet. Virun allem den Jalen Brunson huet New York den drëtten Titel an der Franchise-Geschicht geséchert.
"Ech fanne keng Wierder. Et ass alles, vun deem ech jee gedreemt hunn", sou de Brunson, deen als wäertvollste Spiller (MVP) an der Finalserie ausgezeechent gouf.
D'Spurs mussen deemno weider op hire sechsten NBA-Titel waarden. Dorunner hunn och déi staark Leeschtunge vum Dylan Harper (25 Punkten) an dem Superstar Victor Wembanyama (19 Punkten / 14 Rebounds) näischt geännert.
