Nom phänomenalen Actionfilm "Mad Max Fury Road" mellt den George Miller sech mat engem intimen an existenzielle Film zeréck.

D'Alithea Binnie ass eng Wëssenschaftlerin, déi sech mat den narrative Strukture vun Erzielungen an Texter beschäftegt. Si ass wuel zefridde mat hirem Liewen an trotzdeem werft si e ganz skeptesche Bléck op eis Welt an op d'Mënschheet.

Wann e Fläschegeescht, deen aus enger joerhonnertaler Fläsch erschéngt, hir enges Daags virschléit, dräi Wënsch ze erfëllen, léisst si sech deemno net esou einfach iwwerzeegen, well se weess ganz genee, datt an de Geschichten, déi vu "Genien" erzielt ginn, muss den Haaptprotagonist ëmmer en deiere Präis bezuelen. Den "Genie" zielt hir deemno seng ganz mouvementéiert Vergaangenheet, fir d'Alithea vu sengem gudde Wëlle ze iwwerzeegen, an hie beweegt déi skeptesch Fra dozou, en dach iwwerraschende Wonsch ze formuléieren.

Nom phänomenalen Actionfilm "Mad Max Fury Road" mellt den George Miller sech mat engem intimen an existenzielle Film zeréck, deen d'Form vun engem moderne Märchen unhëlt. Perséinlech ass de Film an den Themen, déi en usträift, wéi déi grouss Léift an d'Sich nom Sënn vum Liewen. A senger Form ass "3000 Years of Longing" awer alles aneres wéi intim. Ënnerstëtzt vun engem konsequente Budget vu 60 Milliounen Dollar reest de Miller duerch d'Weltgeschicht op epesch an dach ganz artifiziell Manéier. Dëst sinn trotzdeem déi Momenter, déi de Film ëmmer nees undreiwen no engem ganz gelongen éischten Optrëtt vum "Genie", gespillt vum Idris Elba. Trotz senge ville spannende Momenter ass et grad um narrative Plang, wou de Film seng gréisste Schwächt opweist. A sengem leschten Drëttel entscheet den George Miller sech fir eng elliptesch Erzielung, déi wuel rational uspriechend ass, emotional awer ze wënschen iwwreg léisst. D'Tilda Swinton an den Idriss Elba, genee wéi dem Miller seng Iwwerzeegung, datt d'Léift dem Liewen e Sënn gëtt, sinn den Ëmwee an de Kino awer sécher derwäert.