Bis Enn Juni wäerte Lëtzebuerger an auslännesch Museker, Orchester bis hin zu de Weltbeschten d'Bün vun der Philharmonie besetzen.

An hirer 17. Saison bréngt d'Philharmonie et nees fäerdeg, de Spagat ze maachen tëschent Opféierunge vun Amateurmuseker bis hin zu weltbekannte Profimuseker. Déi traditionell Festivalle wéi Atlantico, Rainy Days a Fräiräim sinn nees do. Et gëtt Klassik an Jazz souwéi Worldmusic.

D'Broschür vum Programm huet 300 Säiten, do misst dann och fir all Goût, Stil, wéi och Grouss a Kleng eppes derbäi sinn.

De Régis Thill huet fir eis mam Direkter vun der Philharmonie Stephan Gehmacher iwwert déi nei Saison geschwat.