"The Luxembourg Encouragement for Artists Prize" gëtt all zwee Joer iwwerreecht.

Den Donneschden den Owend gouf an de Rotondë fir déi véierte Kéier de Leap Präis verginn. De Präis ass op 12.500 Euro dotéiert a soll als eng Ënnerstëtzung gëlle fir Kënschtler aus der Groussregioun, déi grad op engem Punkt an hirer Karriär ukomm sinn, wou si méi Expositioun brauchen.

De Präis, deen am Partenariat mat RTL vergi gëtt, gëtt begleet vun enger Ausstellung an de Rotondë vun de véier Finalisten, déi vun enger professioneller Jury erausgesicht gi sinn.

RTL

D'Gewënnerin vum Leap22 ass déi gebierteg Rumänin Stefania Crişan, déi zu Metz lieft.

Stefania Crişan

Hir Wierker hunn e performative Charakter an de Projet, dee si an de Rotondë weist, heescht "Geamăna". Hei geet et ëm e ganz spezifescht Duerf a Rumänien, dat esou geheescht huet. Duerf existéiert genee geholl nach, mee et läit ënner Waasser. An de 1970er Joren ass hei nämlech decidéiert ginn, datt d'Ofwaasser vun der Koffer Minn, déi net wäit ewech ass, soll hei oflafen.

400 Famillje sinn deemools ëmgesidelt ginn an hu missen do fort plënneren. Elo ass e risege Séi entstanen an dat Duerf, dat eng Kéier do stoung, ass ganz ënner Waasser. Dat eenzegt wat een nach gesäit, ass d’Spëtzt vum Kierchentuerm, déi aus dem Waasser raus kuckt.

RTL

D'Kënschtlerin wollt e Fokus op dës Geschicht leeën, well et hei ëm eng enorm Ëmweltverschmotzung geet. D'Waasser ass immens gëfteg an net gutt fir d'Natur, d'Mënschen an Déieren. D’Stefania Crişan ass dräimol op d'Plaz gereest, an hiert Wierk an der Ausstellung ass dann och an dräi Kapitelen opgedeelt.

RTL

D'Kënschtlerin bedéngt sech un de verschiddensten Ausdrocksformen: Installatioun, Performance, Video a Gesang. Si huet duerch dee Projet ugefaangen, aner Medien ze benotzen. D'Molerei ass hir fir dat Thema net duer gaangen. D'Wierker sinn unhand vun hiren Emotiounen entstanen, déi si empfonnt huet, wou si do war. Et ass eng Form vu poeteschem Aktivismus.

Paul Heintz 

RTL

Dem Paul Heintz seng Aarbecht presentéiert sech ënnert der Form vun Objeten, Toun, Film an Installatioun. Hien beweegt sech thematesch op engem Terrain, wou d’Realitéit vun der Fiktioun gepräägt gëtt. De Projet, deen hien hei weist, heescht "Character". Den Ausgangspunkt ass datt hie Leit wollt fannen, déi haut Winston Smith heeschen. De Winston Smith ass den Held aus dem bekannte Buch 1984 vum Georges Orwell, en dystopesche Roman, wou et ëm en totalitären Iwwerwaachungsstaat geet.

De Paul Heintz ass also an England op d'Sich no Leit gaangen, déi de selwechten Numm hunn. Mat der Fro, ob d’Fiktioun d’Realitéit ka beaflossen. Hien huet also ugefaangen ze recherchéieren an huet kleng Annoncen an Appelle lancéiert. Zum Schluss huet hie sechs Winston Smithen fonnt déi vun hirem Alldag an hirer Visioun vun der Welt schwätzen. D’Kärfro vum Projet ass wierklech, wéi een Afloss esou e Buch op e Liewe kann hunn.

Lynn Klemmer 

RTL

D’Lëtzebuergerin Lynn Klemmer ass eng multimedial Kënschtlerin, a benotzt deemno vill verschidde Medien. Si huet mat der Molerei ugefaangen an huet du Mediewëssenschaften am Master studéiert. Si ass dunn vun eppes Plasteschem an eppes Digitales ëmgesidelt. An elo ass si op engem Punkt wou déi zwee Beräicher sech matenee verbannen. Si exploréiert d’Grenzen tëschent analog an digital, Mënschen a Maschinnen.

Si developpéiert u sech komplex Observatioune par Rapport dozou, wéi dat digital Liewen eis Perceptioun verännert. Si stellt fundamental Froe wat et bedeit an engem digitalen Espace ze liewen. Hir Aarbecht ass wéi en Labyrinth, wou een net weess wat een als nächst erwaart. En aneren Aspekt ass deen Dualismus vun Natur an Technologie an wéi mir als Mënsch eis Plaz an der digitaler Welt hunn. Si schaaft u sech e Reseau a kreéiert eng Welt, déi e konzeptuellt a materiellt Netzwierk duerstellt.

Mary-Audrey Ramirez 

RTL

D'Mary-Audrey Ramirez aus Lëtzebuerg schafft a lieft zu Berlin. Si schaaft Welten an hire Projeten, wou ënner anerem Cosplay a Videospiller zesummekommen. Si selwer huet als Kand ganz vill Videospiller gespillt - Biller, déi hänke bliwwe sinn.

Hir Aarbecht mécht eng Verbindung tëschent dem 2D, 3D, digital an Handwierk. Op hiren Toillen zeechent si mat der Bitzmaschinn aus der Imaginatioun eraus. Och d'Skulpture bitzt si selwer zesummen. D’Skulpture sinn als 3D-Modeller um Computer entstanen, ier se dann als Skulpturen, mat Drot a Stoff, zesummegesat gi sinn. D'Skulpturen hunn eppes Elegantes wéi de Marber, an dobäi si se mat modernen Technologien entstanen. An soubal et ëmgesat gëtt gëtt et keen "UNDO" méi wéi an der digitaler Welt.

D'Ausstellung mat de véier Artisten kann een nach bis de 4. Dezember an de Rotondë gesinn. De Samschdeg um 19:00 Auer op der Télé ass dann och en"No Art On Air"-Spezial iwwert de Leap.