Dëst Joer huet RTL déi éischt Editioun vun den RTL Podcast Awards organiséiert. Dësen Donneschden den Owend kruten d'Gewënner hire Präis iwwerreecht.

Dësen Donneschden den Owend waren d'RTL Podcast Awards an der RTL City um Kierchbierg, wou Nominéiert, Gäscht an de Jury zesummen d'Zeremonie vun der éischter Editioun erlieft hunn. Presentéiert gouf d'Zeremonie vum Marie Gales zesumme mat der Presidentin vum Jury Josée Hansen an dem Jurymember Bernard Michaux.

D'RTL Podcast Awards goufen an dräi Kategorien agedeelt. Nieft dem "Private Podcast" an dem "Best Corporate", déi vum Jury selektionéiert goufen, konnt de Public och hire Favorit mam "People’s Choice Award" belounen.

Déi véier Membere vum Jury ware beandrockt vun der Unzuel an der Diversitéit vun de Podcasten, déi op den Appell vun RTL hin erakomm sinn. Am Ganze goufe 70 Podcasten eragereecht, wouvunner verschiddener schonn zanter e puer Saisonen existéieren a mat enger schéiner Reegelméissegkeet produzéiert ginn. Fir d'Awards stounge keng RTL Original Podcasten zur Wiel, well RTL decidéiert hat, seng eege Produktiounen erauszeloossen.

An d'Gewënner sinn...

Best Corporate

D'Kategorie Corporate sinn déi Podcasten, déi vun oder fir Entreprisë gemaach ginn. An dëser Kategorie gëtt et dëst Joer kee Bronze dofir awer zweemol Gold. Eemol fir "Driving Dreams" vu Losch Luxembourg. Dëse Podcast gëtt vun IP Productions produzéiert. Den zweete gëllenen Präis krut "Mäin Element" vum Fonds National de la Recherche, dee vum Journal produzéiert an och gehost gëtt.

Sëlwer geet un "Startup Corner" vun House of Startups.

Private Podcast

An dëser Kategorie goufe Podcasten, déi vu Privatpersoune produzéiert ginn oder keng kommerziell Inhalter hunn, belount. Déi éischte Plaz beleet de Podcast "Méi wéi Sex – De Podcast fir Mënsche mat engem Kierper" vum Elie Gottlieb, deen och op Radio Ara diffuséiert gëtt. Sëlwer geet un den "Ham, Fritten an Zaldot", co-produzéiert a moderéiert vum Pierre Jans a Matthias Kirsch. De Bronze-Präis geet un de Podcast "Speakeasy Luxembourg" vum Thomas Koenig.

People's choice

Wärend e puer Wochen konnt de Public op RTL.lu fir hire Favorit aus 15 Podcasten, déi vum Jury fir d'Selektioun zréckbehale gi sinn, ofstëmmen. Aus dëse flotten an ofwiesslungsräiche Kreatiounen huet sech de Podcast "Gëlle Fro" duerchgesat an ass och mam gëllenen Präis fir de "People’s Choice Award" belount ginn.

Felicitatiounen un all d'Gewënner!

De Jury

RTL

Am Jury waren dëst Joer d'Josée Hansen (Presidentin), de Claude Neu, den David Galassi an de Bernard Michaux.

Josée HANSEN
D'Josée Hansen ass eng Lëtzebuerger Autorin, Kritikerin a Journalistin. Si huet dräi Bicher iwwer d'Lëtzebuerger Kulturzeen gemaach a schafft den Ament am Kulturministère.

Bernard MICHAUX
De Bernard Michaux ass e Lëtzebuerger Filmproduzent, dee rezent international Succèse feieren konnt, wéi zum Beispill mam Oscar-nominéierte Film "Collective" oder dem aktuell héich geluefte Film "Corsage" mam Vicky Krieps.

David GALASSI
Alles huet mat senger Hip Hop-Band "De Läb" ugefaangen, säitdeem huet den David Galassi sech net nëmmen als Rapper, mä och als Booker, Manager, Event Promoter, Editeur a Label-Besëtzer verwierklecht an ass zu engem sougenannte kulturellen Entrepreneur mutéiert.

Claude NEU
Vun der Publicitéitsbranche iwwer de groussherzoglechen Haff, Paperjam an RTL huet de Claude Neu op verschiddene berufflechen Hochzäite gedanzt, ma de roude Fuedem war ëmmer am Beräich vun der Kommunikatioun oder der Kultur. Haut publizéiert hien nach geleeëntlech Lifestyle-Chroniken am Lëtzebuerger Land.