Internationale Festival vum Animatiounsfilm zu Annecy

Affiche Annecy Festival 2025
Zanter e Sonndeg ass zu Annecy a Frankräich nees de gréissten Animatiounsfilmfestival vum Joer.
De Festival, deen 1960 gegrënnt gouf, lackelt all Joer Animatiounsbegeeschterter aus der ganzer Welt un. Och Lëtzebuerg ass dëst Joer mat Long-, a Court-Métragë vertrueden. Am Ganzen aacht Lëtzebuerger Koproduktioune goufen ënner 3.000 internationale Kandidaturen ausgewielt.
Ee vun den zwee Long-Métragen, mat deem Lëtzebuerg un der Kompetitioun deelhëlt, ass "Marcel et Monsieur Pagnol" vum Sylvain Chomet. Et ass eng Koproduktioun tëscht Frankräich, der Belsch an der lëtzebuergescher Produktiounsfirma Bidibul Productions. D'Postproduktioun vum Toun, den Dekor an de Layout vum 2D Animatiounsfilm sinn zu Lëtzebuerg vun Doghouse Studio an de Philiphon Studios realiséiert ginn. De biografeschen Animatiounsfilm, deen en Hommage un de franséische Schrëftsteller a Realisateur Marcel Pagnol ass, hat seng Avant-première am Mee 2025 um Filmfestival vu Cannes.
Trailer "Marcel et Monsieur Pagnol” - Sylvain Chomet
"Allah n’est pas obligé" vum Zaven Najjar ass den zweete Long-Métrage, deen zu Annecy a Kompetitioun geet. Et ass eng Koproduktioun tëscht Frankräich, der Belsch, Lëtzebuerg a Kanada. De Paul Thiltges war fir de lëtzebuergeschen Deel zoustänneg an huet de Layout, d'Zesummesetzung vu Bild an Toun souwéi d'Spezialeffekter vum Animatiounsfilm gemaach. Dat Ganzt zu Déifferdeng an der Fabrique d'Images an am Philophon.
Mam Animatiounsfilm "Ito Meikyu" ass de Boris Labbé fir d'Kategorie VR (Virtuel Reality) nominéiert ginn. Dëse krut ënner anerem d'lescht Joer de "Venice Immersive Prize" op der Mostra zu Venedeg.
D'Ekipp vun Doghouse Films ass nach mat zwee weidere Koproduktiounen zu Annecy ugetrueden.
"A walk into the afterlife" vum Jiyun Jeong gouf nominéiert fir d'Kategorie "jonke Public". D'Jiyun Jeong huet hire Bachelor am Animatiounszeechnen op der Uni Lëtzebuerg gemaach a krut fir hire Kuerzfilm vum Lëtzebuerger Filmfong d'Carte Blanche fir Annecy.
De Kuerzfilm "Matin Brun" vum Carlo Vogele gëtt am Kader vun der Sektioun "Midnight Specials" gewisen.
An der Sektioun "Annecy Présente" ginn nach dräi weider Lëtzebuerger Koproduktioune gewisen. Dës lafen hors-compétition:
- "Spiked" vum Caroline Origer (Koproductioun tëscht der Lëtzebuerger "Fabrique d’Images", der Belsch a Frankräich).
- "Stitch Head" vum Steve Hudson (Koproductioun tëscht Däitschland an der “Fabrique d’Images” zu Lëtzebuerg)
- "Thelma’s Perfect Birthday" vum Reinis Kalnaellis (Koproduction tëscht dem Paul Thiltges a Lettland).
Weider Informatiounen zu den eenzele Filmer, dem Festival oder Trailere fannt Dir hei.