Schräinerei Dohm Esou gesäit dem Batty Weber säi Schreifdësch no der Restauratioun aus

Isabelle Gillen
Nëmmen e puer Méint ass et hier, dass dem Batty Weber säi fréiere Schreifdësch aus dem CNL an d’Schräinerei Dohm op Housen koum, fir no de Schied vun den Iwwerschwemmungen am Joer 2021 restauréiert ze ginn.
Esou gesäit dem Batty Weber säi Schreifdësch no der Restauratioun aus
Nëmmen e puer Méint ass et hier, dass dem Batty Weber säi fréiere Schreifdësch aus dem CNL an d’Schräinerei Dohm op Housen koum, fir restauréiert ze ginn

Elo ass d‘Miwwelstéck fäerdeg a kann deemnächst nees zeréck op Miersch kommen, wou de Schreifdësch an den nächste Joren an enger grousser Ausstellung gewise gëtt.

Wéi de Schreifdësch zu Housen ukomm ass, war dësen an engem relativ schlechten Zoustand, erzielt ons de Jos Dohm. Den Dësch war duerch den Alter an d’Waasser nees an engem komplette Réizoustand an huet misse vu Grond op frësch gemaach ginn. Och waren Eenzelstécker ofgebrach oder hunn net méi richteg zesummegehalen. Fir d’Restauratioun gouf den Dësch bal ganz auserneegeholl a vu Grond op beaarbecht. Elo gesäit dësen nees esou aus, wéi e soll.

160 Stonnen huet d’Restauratioun vum Schreifdësch gedauert an et huet ee Schräiner eleng um Miwwelstéck geschafft. D’Käschte fir d’Restauratioun sinn net am Detail bekannt, et kann een awer mat ëm déi 20.000 Euro rechnen. Dës goufe ganz duerch e Crowd Funding vum FOCUNA finanzéiert.

Back to Top
CIM LOGO