
© Daniel Günther
De Mark Netty an Hugo Hp sinn eenzel scho gutt 25 Joer am Nuetsliewen aktiv. Zanter 2017 deele si sech d'Plaz hannert dem Mëschpult, an zwar mat Succèss.
"Mir hunn 2016 ugefaangen, ëmmer méi zesummen ze spillen an dat huet wonnerbar geklappt, och tëschent eis", zielt de Mark. "Du goufe mir enges Dages gebucht fir an der 'Fabrik' zu Madrid ze spillen. Dat ass ee vun de gréisste Clubben op der Welt, an do hu mir nach ënner eisen normalen Nimm gespillt, mä no deem Gig, hu mir decidéiert, eis een Numm zesummen ze ginn an da spille mir ëmmer zesummen, well et ginn eben och sou vill DJ'en a jidderee wëll spillen, an da geet et net duer mat den Zäiten. Wann een dann zesumme spillt, spuert ee souguer e bëssen Zäit a kann eventuell nach een zousätzlechen Artist invitéieren."
Zanter 2017 hu si schonn uechter d'ganz Welt gespillt a plangen am November 2023 eng Südamerika-Tour ze maachen. Bis dohinner versuerge si d'Leit mat reegelméissege Releasen. Am Mäerz kommen elo mol dräi nei Tracks bei "Crash Records" (UK) eraus an déi follgend Méint geet et monter virun, mat dräi bis véier neie Lidder pro Mount.
Wien déi zwee scho méi wéi eng Kéier live materlieft huet, dee weess, dass ee bei Netty Hugo all Kéiers en neie Set zerwéiert kritt. "Et ass ëmmer eng Aventure", laacht de Mark. De Grond dofir ass, dass d'Majoritéit dovunner spontan ass.
"Natierlech mëss de dir Gedanke virun engem Gig, virun allem wann s de an engem vun deenen Top-Liga-Clubben, wéi de 'Rex' zu Paräis oder 'Fabrik' zu Madrid spills, mä dann ass et awer ëmmer sou, dass de een DJ hues dee scho virun dir spillt an dee gëtt da scho Gas, an da muss de meeschtens souwisou däi ganze Set changéieren a rëm spontan spillen."

© Daniel Günther
Nieft dem Produzéieren an Opleeën, organiséiert den Duo och reegelméisseg Eventer. Zil wier et, de Lëtzebuerger d'Méiglechkeet ze ginn, grouss DJe live matzëerliewen, ouni dofir mussen Honnerte vu Kilometer ze fueren.
Vue dass déi zwee schonn esou laang an der Zeen aktiv sinn, hu si vill vun de Changementer iwwer d'Jore matkritt. Wat awer nach ëmmer géif feelen, dat wier déi richteg Unerkennung fir den Job "DJ", sou de Mark.

© Daniel Günther
"Et wier flott, wa sou Artiste wéi mir, wierklech kéinten hei zu Lëtzebuerg vum DJe liewen an deen Job vum 'DJ' vill méi eescht geholl géif ginn, an dass et net sou ass, dass een opleeë geet an de Patron vum Bar engem da fënnef Béier ausgëtt", sou de Mark. "DJen ass eng Konscht fir sech an dat muss ënnerstëtzt ginn. Et huet sech scho ganz vill verbessert an DJe gëtt och scho vill méi ënnerstëtzt, wéi dat nach virun e puer Joer de Fall war, mä et kéint nach méi gemaach ginn. Et ass eng Kultur ginn, an et muss een déi Musek toleréieren, akzeptéieren a respektéieren, well et gehéiert einfach elo dozou. Dat hätt ech virun 20 Joer nach net geduecht."
Méi Informatiounen an Detailer zu hire Gigs a Releasë fannt dir hei.