Mir ware beim Dréi vun de Museksvideoen dobäi an hunn nogefrot, wat et mam Projet "Eis Stëmmen" op sech huet.
Kanner politesch Theme méi no bréngen. Dat war d'Ufanksiddi vum Projet "Eis Stëmmen". Domat ass eng Serie vu Lidder a Reportagen entstanen, fir an de Kannernoriichten all Sonndeg verschidden Themen op enger aner Manéier ze beliichten.
Aacht Lëtzebuerger Museker hunn op Nofro vu RTL Lëtzebuergesch Lidder geschriwwen an duerno Interviewe ginn, wou si erklären, firwat hinnen dëst Thema um Häerz läit. Op allen RTL-Plattforme kritt Dir déi nächst aacht Wochen dës Lidder ze héieren, ma och d'Interviewen a Museksvideoen dozou ze gesinn, respektiv ze héieren.
Ugefaange mat Sonndes um 18.50 Auer an de KannaNiuuss op der Télé, all Méindeg engem Interview mat de Museker am Magazin op der Télé an um Radio an der Sendung "Am Takt".
All d'Reportagë sinn ze fannen op RTL Play.