"Beautiful Decay Festival" geet an déi zweet Ronn
Am Géigesaz zum leschtem Joer leeft de Festival dës Kéier iwwer dräi Deeg.
2017 gouf en als Kollektivausstellung zu Beetebuerg fir déi éischt Kéier organiséiert, ma et ass réischt zanter leschtem Joer, dass en zu engem richtege Festival gouf.
Nieft den Iessstänn, dem Konschtmaart an der Live-Painting-Session gëtt en ofwiesslungsräichen, musikalesche Line-Up ugebueden. Mat dobäi sinn ënner anerem The Ferocious Few, V.I.C & Corbi, Them Lights, Mambo Schinki, ENGLBRT an The Cookie Jar Complot.
Nei mat dobäi ass eng Konschtgalerie, déi a Kollaboratioun mam Graffiti Kënschtler Alain Welter zustane komm ass, an déi via QR-Code accessibel ass. Hei kritt een 13 limitéiert Biller vum Kënschtler ze kafen. Dës ginn um Festival och als ee grousst Wierk ausgestallt. Donieft ass dëst Joer och fir déi éischt Kéier e ganze Programm fir Kanner opgestallt ginn. Wien also e Sonnden en Ausfluch mat der ganzer Famill geplangt huet: de "Beautiful Decay Festival" kéint eng Adress sinn.
De ganze Programm, Line-Up an Tickete fënnt een op hirem Site.