Den Helmut Berger ass mat 78 Joer a senger Heemechtsstad Salzburg gestuerwen. Et wier awer onerwaart gewiescht.

Dat huet säin Agent um Donneschdeg matgedeelt. Ee Groussen vum europäesche Kino wier vun eis gaangen.

International bekannt gi war de Berger ënner anerem duerch seng Zesummenaarbecht mam Visconti a mam De Sica.

RTL