Lëtzebuerger Koproduktiounen hu Chance op e Präis
Den Joy Hoffmann ass fir eis um Filmfestival vu Cannes a verréit eis e bësse méi iwwert déi véier Lëtzebuerger Koproduktiounen, déi antëscht gewise goufen.
De Festival ass gutt iwwer d'Hallschent ewech an du hues déi véier Lëtzebuerger Koproduktiounen, déi selektionéiert goufen, gesinn. Wéi ee Bilan zitts du do?
Fänke mer u mat deenen zwee Filmer, déi an den zwou Haaptsektioune vum Festival gewise goufen, also an der Haaptkompetitioun an am "Certain Regard".
"Jeunesse" vum chineesesche Realisateur Wang Bing, deen an der Kompetitioun ass fir d'Palme d'Or, ass en impressionante Film, deen e China weist, wéi mer et ons wuel net esou virstellen. Keng strukturéiert an dirigéiert kommunistesch Plangwirtschaft, mee wëllen inhumane Kapitalismus. Jugendlecher aus der Provënz kommen a sëllegen, éischter klengen an handwierklech organiséierten Textilatelieren an der Géigend vu Shanghai, fir ze schaffen an ze wunnen. Alles ass primitiv, knaschteg, schlecht bezuelt, total ausbeuteresch, mat awer Luxusautoe virun den Ateliersdieren. Mir gesinn de freneteschen Aarbechtsrhythmus vun de Jonken hannert de Bitzmaschinnen, déi Kleedungsstécker no an no zesumme setzen. Et gëtt op d'Stéck bezuelt a keng Gewerkschaften. All dëst weist de Wang Bing op magistral Aart a Weis wärend - jo, ganzer 3 an enger hallwer Stonn. No 2 Stonnen allerdéngs ass eigentlech alles gesot a gewisen iwwert d'Liewe vun dësem chineesesche Lumpeproletariat. Duerno ass alles leider nëmmen nach Repetitioun.
"Los Delincuentes" vum Argentinier Rodrigo Moreno an der Sektioun "Un Certain Regard" ass d'Geschicht vun zwee Bankbeamten, déi aus hirem monotone Liewen ausbrieche wëllen an eng nei Fräiheet ustriewen. Deen ee klaut d'Suen aus dem Safe a geet dofir, wéi geplangt an de Prisong, wärend deen aneren d'Sue verstoppt a versuergt. Méi spéit solle se dann allebéid dovu profitéieren. Domat sinn hir Schicksaler enk matenee verbonnen, wat de Film och spannend mécht. Ass de Kolleeg clever genuch fir sech vis-à-vis vun den Enquêteuren ze behaapten, an éierlech genuch, fir dass déi zwee herno, déi schwéier erkämpfte Fräiheet genéisse kënnen? De Film ka mat sengem rouege Rhythmus a senge formal schéine Biller iwwerzeegen, ass awer mat sengen zwou an enger hallwer Stonn och e Krack ze laang.
Den ausgefalensten a kontroverséierte Film vun deene véier ass sécherlech "Conann" vum Fransous Bertrand Mandico, deen an der Niewesektioun "La Quinzaine des Cineastes" gewise gouf. A fënnef Epochen an Dekaden, vun der Barbarenhord aus dem Schwarzeneggerfilm "Conan le barbare" iwwer New York bis an déi haiteg elitär Kulturzeen, weist de Film wéi d'Conann sech ëmmer nees an nei Forme vu Barbarei mutéiert. Ouni klassesch narrativ Struktur mat vill Referenzen op weider aner Filmer, zum Beispill vum David Cronenberg oder Francis Ford Coppola, schaaft de Mandico eng artifiziell Dramwelt, quasi exklusiv a schwaarz-wäisse Biller an total originell déi allerdéngs vum Spectateur d'Bereetschaft viraussetzt, sech op eng ongewinnt Kino-Experienz anzeloossen.
"Lost Country" iwwert eng Mamm-Jong Relatioun, déi sech 1996 zur Zäit vum Milsosevic a Serbien ofspillt, gouf an der Niewesektioun "La Semaine de la Critique" gewisen. Et ass wuel a Form an Inhalt dee klasseschsten an abordabelste Film vun de véier Lëtzebuerger Koproduktiounen. Et geet am Film ëm e Bouf, deen no an no entdeckt, dass seng Mamm Komplizin ass vum Milosevic sengem Walbedruch an der Violence vu sengem Regime. E fillt sech hin an hier gerappt tëschent der Léift zu senger Mamm an der Loyalitéit zu senge Frënn, déi sech géint de Regime wieren. "Lost Country" ass en tragesche Film iwwert d'Incapacitéit ze reagéieren a sech der Realitéit ze stellen.
Mengs du dann et géing bei deene ville Lëtzebuerger Filmer eng Chance op e Präis ginn?
Et gi Präisser an allen Sektiounen an d'Filmer sinn och all gutt bei der Kritik ukomm, sou dass et duerchaus méiglech ass, dass villäicht deen een oder anere Präis kéint dobäi eraussprangen. Dat gi mer dann no an no Enn der Woch gewuer.
Et gëtt awer och nach e fënnefte Film zu Cannes mat Lëtzebuerger Presens. D'Marie Jung spillt un der Säit vum bekannte franséischen Acteur Guillaume Canet am Katastrophefilm "Acide" vum Just Philippot, deen um Festival als Mëtternuechtsseance selektionéiert war. Wéi si zu dëser Roll komm ass a wéi de Casting verlaf ass, hu mer d'Marie Jung um Lëtzebuerger Stand gefrot. De Film vum Just Philippot weist wéi a verschiddene Familljen d'Leit drop reagéieren, wa se duerch eng Naturkatastroph, an dësem Fall ass et sauere Reen, aus hiren alldeegleche Gewunnechten erausgerappt ginn.

D'Marie Jung zu Cannes / © RTL