De Jury ëm de President Ruben Östlund huet wärend der traditioneller Ofschlosszeremonie déi renomméiert Palme d’Or un e franséische Film iwwerreecht.

E Samschdeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival vu Cannes op en Enn gaangen. De Jury ëm de President Ruben Östlund huet wärend der traditioneller Ofschlosszeremonie déi renomméiert Palme d’Or un e franséische Film iwwerreecht.

No 10 Kompetitiounsdeeg an 21 Filmer, déi an offizieller Kompetitioun an d’Course ëm d’Palme d’or gaange sinn, ass déi legendär gëlle Palme vum beschte Film vum Festival vu Cannes fir déi 10. Kéier un e franséische Film gaangen.

Den intimen Drama a Geriichtsfilm "L'Anatomie d'une Chute", an deem d’Sandra Hüller op impressionnant Manéier eng Schrëftstellerin interpretéiert, déi verdächtegt gëtt, hire Mann ëmbruecht ze hunn, ass de 4. Film vun der Realisatrice Justine Triet. Et ass wuel der Realisatrice hire perséinlechste Film, dee si zesumme mat hirem Liewenspartner dem Regisseur Arthur Harari geschriwwen huet.

No "The Piano" am Joer 1993 an "Titane" virun 2 Joer ass et eréischt fir d'Drëtt an der Geschicht vum Festival, wou dëse prestigiéise Präis un eng Fra iwwerreecht gouf. D’Justine Triet déi sichtlech beréiert war, huet Geleeënheet awer och genotzt, fir eng kritesch an engagéiert politesch Ried ze halen.

De Grand Prix goung un dem Jonathan Glazer seng staark, radikal an distanzéiert Familljechronik "The Zone Of Interest" iwwert eng däitsch Famill, déi sech matten am Zweete Weltkrich e luxuriéist Liewen an engem Haus nieft dem Exterminatiounslager vun Auschwitz opgebaut huet.

De Prix du Jury ass un de finnesche Realisateur Aki Kaurismäki fir "Les Feuilles Mortes" gaangen. Eng Libesgeschicht, déi hien op onverkennbar skurril an eege Manéier an Zeen gesat huet.

D'Éier vum beschte Schauspiller goung un de Koji Yakusho aus dem Wim Wenders sengem "Perfect Days", wärenddeem Merve Dizdar aus dem tierkeschen Epos "Les Herbes Seches" als bescht Actrice ausgezeechent gouf.

De Japanesche Drama "Monster" gouf fir säin Dréibuch geéiert, an de faszinanten "LA Passion de Dodin Bouffant" vum Tran Anh Hung gouf fir seng exzeptionell Mise en scène ausgezeechent.

All déi Filmer wäerten iwwert déi nächst Wochen a Méint an de Kinoen erauskommen, ugefouert vun der Palme d’or, déi Enn August op der grousser Leinwand hiren Debut wäert ginn.