Den TalentLAB 2023

© Théâtres de la Ville de Luxembourg
Déi 8. Editioun steet erëm ganz am Zeeche vun der Kreatioun an dem artisteschen Austausch.
2016 ass den TalentLAB vun de Stater Theateren initiéiert ginn. Dat mat der Iddi, zäitgenëssesch Kreatiounen ze ënnerstëtzen an déi international an national Artiste bei hirem Prozess z'accompagnéieren. Den TalentLAB soll encouragéieren, nei a pluridisziplinär Formen ze fannen, mam Akzent um Prozess an de Recherchen. Den TalentLAB ass esou wéi e Laboratoire, wou ee sech probéiere kann an eng Plattform, fir sech auszetauschen. D'Formatioun, den Dialog an Decouvertë ginn hei grouss geschriwwen. Gläichzäiteg bitt den TalentLAB eng Plaz fir Reflexiounen an Echangen tëschent den Artisten an dem Publikum. An deem Kader ginn da Workshoppen, Master Classes, Table Ronden a Spektakelen ugebueden.
Woman At Point Zero (de 7. Juni)

© Kurt Van der Elst
"Woman At Point Zero" ass inspiréiert vum Buch vun der Ägyptescher Schrëftstellerin a Feministin Nawal El Saadawi. D'Oper erzielt d'Geschicht vun zwou Fraen, dem Fatma, dat Feministin an Aktivistin ass an dem Sama, enger jonker ambitiéiser Filmemaacherin. Si entwéckelen eng Bezéiung, wou si hir Erënnerungen, Erfarungen a Geheimnisser mateneen deelen. Eng Bezéiung, déi ufanks op Mësstraue baséiert a sech herno a Virwëtz, Solidaritéit a schlussendlech an eng Frëndschaft entwéckelt.
Table Ronde - Théâtre et société: de la nécessité de se connecter au monde (den 8. Juni)
Wéi kann een op der Bün d'Gesellschaft an d'Liewe vun haut representéieren? Wéi kann ee mat zäitgenëssesche Kreatiounen en neie Publikum gewannen? Wéi eng artistesch Forme kann een entwéckelen, fir Geschichten ze erzielen? Dës a vill méi Froe ginn an dëser Table Ronde ugeschwat.
Gardien Party (vum 9. bis den 10. Juni)

© Yohanne Lamoulère
Fir Gardien Party ginn d'Theatermauere géint d'Muséesmaueren ausgetosch. An der Villa Vauban kann een d'Stéck gesinn, an deem et ëm d'Gardiene vun engem Musée geet, deenen hir Aufgab et ass, d'Wierker ze protegéieren. D'Gardiene gesinn an héieren alles a munchmol musse si sech och de Kriticke vun de Visiteure stellen. Si musse present a gläichzäiteg transparent sinn, opmierksam a bereet sinn anzegräifen. Mat dobäi ass awer och d'Langweil an do muss ee Strategië fannen, domat ëmzegoen.
Présentation maquettes : Théâtre et Opéra (den 11. Juni um 15 Auer)
No 10 Deeg Aarbecht ginn an dësem Kader nei Projete presentéiert. Wärend jeeweils 20 Minutte kann de Publikum d'Resultat vun de Rechercheaarbechten entdecken. Dëst gëllt souwuel fir Theater an Oper wéi fir Danzkreatiounen. D'Presentatioun vun den Danz-Spektakelen ass och den 11. Juni. Dat um 18.30 Auer.