
Fir d'Amateure vun de Bandes dessinées ass de Festival de la BD Mëtt Juli zu Conter en absolutte Must! Fir déi 32. Kéier gëtt op dësen Happening invitéiert, ee Rendez-vous deen esou wichteg schéngt, dass nieft dem bloe Kulturminister, bal d'ganz LSAP-Fraktioun fir d'Ouverture present war. Zënter e Samschdeg war mam Don Rosa och e Star vun de Bandes dessinées – iwwregens fir d'drëtte Kéier – hei am Asaz. A fir en Autogramm vum Mann aus den Disney-Studioen ze kréien, stellt ee sech um Festival, ouni ze zecken, stonnelaang an d'Schlaang.
De Comic Festival ass dee wichtegsten aus der Groussregioun, mat méi wéi 50 internationalen Auteuren, dorënner 10 Lëtzebuerger an donieft engen 100 Aussteller.
Um 16:30 Auer e Sonndeg de Mëtteg ass déi traditionell Comic-Parad. An och de Mark Buckingham, bekannt als Zeechner vu Fables fir "Vertigo/DC Comics", wäert nach zu Contern sinn a säin Autogramm ginn. Vun him ass och d’Affiche vum Festival.
