Nodeems de Rock de Schleek 2022 seng lescht Editioun gefeiert huet, gouf et fir d'Union des jeunes Meechtem Zäit eppes Neits an d'Liewen ze ruffen.

An esou presentéiere si e Freideg den Owend deen 1. Open Air Meechtem.

Am Kader vum Däitsch-Lëtzebuerger Wäin-Happening zu Meechtem, deen dëse Sonndeg ass, gëtt den Open Air Meeschtem organiséiert. D'Iddi ass et, nieft Konscht a Wäischmaachen och eppes méi spezifesch fir d'Jugend ze organiséieren. Lass geet et e Freideg den Owend um 21 Auer an dat op der Meechtemer Schliikeplaz, vis-à-vis vun der Kierch, wou soss eben de Rock de Schleek war. Et sinn dann och keng live Rock-Bands méi déi hei optrieden, mee e Line-up vun 3 DJen.

Lara Kring, Presidentin vun der Union des jeunes Meechtem: "Dat ass den DJ SE7VEN, den DJ Pinkspace an den DJ Lucci."

D'Tickete kann ee bei der Union des jeunes Meechtem kafen, dat zum Beispill op hirer Facebook- oder Instagramsäit ujmeechtem.

"10 Euro am Virverkaf a 15 Euro an der Oweskeess."

De Virverkaf leeft dann nach bis e Freideg am Nomëtteg. Et ginn der Presidentin vun der Union des jeunes Meechtem dann och direkt e puer Grënn, firwat ee sech dësen Event net sollt entgoe loossen.

"Well et eng eenzegaarteg Plaz ass, am Duerfkär, mat enger immens flotter Ambiance a gudder Musek."

Fir Parkproblemer ze vermeiden a gutt dohinner wéi och nees heem ze kommen, huet een hei virgesuergt.

"Mir hunn Navetten organiséiert vun der Stad aus an natierlech och d'Musel erlaanscht. Déi Navette si gratis."

Falls een awer wëllt mam Auto kommen, da soll ee wgl. op der Muselstrooss parken.

D'Detailer sou wéi och Tickete fannt Dir op Facebook oder Instagram ënnert ujmeechtem.

All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:

Den Tipp vun e Méindeg: 2. Hallschent vum Festival "Congé Annulés"

Den Tipp vun en Dënschdeg:Visitt vum Waasserreservoir "Rebierg"

Den Tipp vun e Mëttwoch:1. Editioun vum KOLLA X MERSCH

Den Tipp vun en Donneschdeg:16. Däitsch-Lëtzebuerger Wäinhappening