Wie kennt et net: et huet ee seng Lëscht u Bicher, déi ee plangt ze liesen an da verstëbse se awer rëm um Bicherregal?

Fir deem entgéintzewierken, hunn ech mir elo dräi Bicher ausgesicht, déi ech dësen Hierscht onbedéngt wëll liesen, egal wat kënnt, an deen heiten Artikel ass ee Wee fir mäi Succès an dëser Missioun ze garantéieren. Wann ech mir all d'Bicher sou ukucken, schéngt am Hierscht bei mir eng kleng Rees uechter Welt an Zäit unzestoen...

RTL

Before the Coffee Gets Cold, Toshikazu Kawaguchi

Ugefaangen an Tokyo, wou sech dem japanesche Schrëftsteller Toshikazu Kawaguchi säi Roman "Before the Coffee Gets Cold" ofspillt. Méi spezifesch an engem Cadé, wou d'Visiteure kënnen an d'Vergaangenheet reesen, awer nëmme wa si sech un d'Reegelen halen. Eng dovunner ass, dass d'Reese just klappt, sou laang hire Kaffi waarm bleift - dohier dann och den Titel vum Buch erkläert.

Ufanks war "Before the Coffe Gets Cold" en Theaterstéck. 2015 koum et dunn als Roman eraus, 2021 an 2022 koumen dunn nach zwou Suitten eraus. Eng interessant Iddi am Kär, mä ech si gespaant, wéi eng Momenter d'Leit aussichen, fir ze revisitéieren an ob d'Reesen an de Passé se wierklech esou erfëllt, wéi ee sech dat virstellt?

RTL

A Gentleman in Moscow, Amor Towles

Da gëtt een Ausfluch an Russland an den 1920er Jore gemaach, wou sech d'Geschicht vum Grof Alexander Rostov ofspillt, deen zu liewenslänglechem Hausarrest am sophistikéierten Hotel "The Metropol" direkt géigeniwwer vum Kremlin verurteelt gëtt. A vun deem Zëmmer (a Balkon, quand-même) observéiert hien dann, wéi Russland duerch eng vu sengen turbulentsten Zäite geet.

Et ginn immens vill Aspekter, déi mech un dësem Buch faszinéieren, ugefaange mat der Epoch: 1920er Joren hunn einfach eppes u sech, wat mech unzitt. Dann natierlech de Kader: liewenslänglechen Hausarrest? Wéi soll dat goen? Wéi bleift een do nach kloer am Geescht? A wat gesäit dee Grof alles vu sengem Zëmmer aus? Sou vill Froen, déi ech hoffentlech dësen Hierscht beäntwert kréien, wann ech "A Gentleman in Moscow" endlech liesen.

RTL

If Beale Street Could Talk, James Baldwin

"If Beale Street Could Talk" zielt d'Geschicht vun zwee Kandheetskolleegen aus New York City, dem Tish a Fonny, déi am Erwuessenenalter, sech anenee verléiwen a sech verloben. Deen Ament gëtt de Fonny zu Onrecht beschëllegt eng Fra vergewaltegt ze hunn a gëtt fortgespaart. Gläichzäiteg fënnt d'Tish eraus, dass hatt schwanger ass...

E Klassiker vun der amerikanescher Literatur! De Roman konzentréiert sech op déi faméis Beale Street, déi zanter senger Konzeptioun an den 1840er Jore bekannt ass als e wichtegen Hub vun der afro-amerikanescher Kultur a Communautéit. "If Beale Street Could Talk" ass dem Baldwin säin eenzege Roman, deen aus der Perspektiv vun enger Fra geschriwwen ass, wat ech perséinlech ganz interessant fannen. Dobäi kënnt dass Themen ewéi ongerecht Justizsystem, Policegewalt an Amerika a Rassismus opgegraff ginn, wat hautdesdaags genausou wichteg ze thematiséieren ass, ewéi 1974 wéi de Roman erauskoum.

RTL

Ech hunn natierlech bis elo keent vun deene Bicher gelies - deemno kann ech weder eng perséinlech Meenung nach e richtege Resumé ginn zu deene jeeweilege Bicher, mä baséiere mech ausschliisslech op Recherchen an Aussoe vun den Editiounshaiser.