Zanter 2019 gëtt de Luxembourg Open Air Festival bei der Philharmonie ofgehalen an zanter 2020 gëtt et och all Joer eng Editioun um Belval.

Nom "Season Opening" am Mäerz ass den 8. an 9. September elo erëm eng Editioun um Kierchbierg, do wou alles ugefaangen huet. Lancéiert gouf de LOA Festival vu 4 jonken Entrepreneure mam Zil, e Festival op enger schéiner Plaz am Land z'organiséieren, wou sech alles ëm elektronesch Musek dréint. Deemno war et hinne vun Ufank u wichteg, och déi grouss Nimm aus der internationaler DJ-Zeen op Lëtzebuerg ze bréngen.

Mat dobäi ware bis elo ënner anerem de Mike Williams ("Feel Good"), Brooks ("Like I Do") oder och Blasterjaxx ("Narco"). An och de Line-Up vun dësem Joer brauch sech net ze verstoppen: W&W, Coone, Nervo an Danny Avila sinn nëmmen e puer vun den Headliner, déi hannert dem Mëschpult ze fanne sinn. Donieft sinn och erëm eng Rëtsch Lëtzebuerger DJen invitéiert, dorënner de Pixel Per Inch, deen den "DJ Contest" dëst Joer gewonnen huet, Flavour Trip, Fonclair, Se7en, Dasic oder och d'Miss Sappho.

An der Tëschenzäit gëtt et de Luxembourg Open Air Festival schonn zanter 4 Joer. Fir eise Reportage ware mir hannert d'Kulisse luussen an hunn ee vun de 4 Co-Fondateure bei de leschte Virbereedunge fir dës Editioun begleet.