Am August 2022 hunn d'Amii Watson an den Jimmi Harvey decidéiert, "digital Nomads" ze ginn. Zanterhier gëtt ënnerwee opgeluecht.

En "digital Nomad" ass eng Persoun, déi mat Hëllef vun digitalen Technologien hir Aarbecht op Distanz verriicht an doduerch konstant reese kann. Fir dee Liewensstil hu sech d'Amii Watson an den Jimmi Harvey entscheet a sinn an der Tëschenzäit och scho gutt 8 Méint ënnerwee.

"Digital Nomads"
Sech e Van kafen an domat duerch ganz Europa reesen - dat ass de Wonsch vu ville Léit. Ma net jiddereen huet de Courage, et och tatsächlech duerchzezéien.

Vue dass si allen zwee DJe sinn, koum du séier d'Fro op, wéi si déi Passioun och ënnerwee weider kënnen ausliewen an deelen. D'Konzept, wat si doropshin ausgeschafft hunn, heescht "Flavour Trip".

"Dat Konzept hu mir ausgeschafft mat der Iddi, dass mir esou vill verschidde 'flavours' (also Geschmaachsrichtungen) ewéi méiglech op eisem Trip wëlle sammelen. Sief dat elo Experienzen, nei Musek kenne léieren oder och beim Kachen, well mir kache jo wärend eise Setter", erkläert d'Amii. "Do léiere mir jo och nei 'flavours' kennen aus deene verschiddene Länner, wou mir sinn. D'Iddi war, op all Plaz, wou mir sinn, e Set ze filmen an esou och d'Landschaft anzefänken an dass dat Ganzt esou eng 'all-round' Experienz gëtt."

Dës Experienze ginn dann op hirem YouTube Kanal gedeelt, deen zimmlech séier e Succès gouf.

"Mir hunn dee Projet am August gestart ouni vill Erwaardungen. Mir soten eis souwisou, dass mir dat éischt halleft Joer vill musse liwweren a liwweren, a wou net vill zeréckkënnt. Glécklecherweis krut dunn awer schonn am Januar e Video vun eis zimmlech vill Attraktioun an dat huet vill gehollef, fir och déi aner Videoen ze 'pushen'."

Hire Meilesteen fir 2023 wieren 10.000 Abonnenten op YouTube gewiescht. Stand haut suivéiere bal 41.000 Leit hire Parcours - an zwar vum Balkan iwwer Éisträich bis a Griicheland an Italien - an et schéngt net sou, wéi wann hir Rees deemnächst op een Enn géif goen.

Méi Informatiounen zum Amii Watson an Jimmi Harvey fannt Dir op hire sozialen Netwierker.