Et ginn Auteuren an Autorinnen, deenen hir Bicher een ëmmer gär opschléit. Virausgesat, dass se nach liewen, waart ee schonn op déi nächst Publikatioun.

Iwwert de Laf vun der Zäit verännert sech engem säi Goût, wat d'Genren an d'Auteure vu Bicher ugeet. Ma wat mécht e gutt Buch iwwerhaapt aus? Fir mech perséinlech ass et virun allem wichteg, dass ech mech an de Geschichte verléieren an an d'Figuren eraversetze kann. A genee dat ass bei mir de Fall bei de Bicher vum Jodi Picoult.

Eng Autorin aus Amerika, déi weltwäit begeeschtert

Déi gebierteg New Yorkerin gouf 1967 gebuer a gehéiert mëttlerweil zu deenen erfollegräichsten, amerikanesche Schrëftsteller iwwerhaapt. Éier si sech voll a ganz dem Schreiwe gewidmet huet, huet si ënnert anerem als Enseignante geschafft.

D'Jodi Picoult gouf bestuet mam Tim van Leer an nach wärend der Schwangerschaft vun hirem éischte Kand, huet si hiren éischte Roman geschriwwen, deen 1992 verëffentlecht gouf. Haut lieft d'Koppel mat hiren insgesamt dräi Kanner an New Hampshire.

Eng Kritik un d'Gesellschaft

D'Jodi Picoult schreift hir Romaner an hirem Büro um Späicher vum Haus. Dat esou dacks wéi méiglech, nëmme mol vun hire Kanner ënnerbrach. Zanter hire Mann seng Aarbecht opginn huet, fir se mat de Kanner ze entlaaschten, notzt si déi gewonne Fräizäit fir hir Recherchen. An déi sinn alles, awer keng Computerrecherche.
Si leet grousse Wäert op authentesch a genau Erzielungen a geet dowéinst op den Terrain fir sech en direkt Bild vum Ëmfeld ze maachen. Deemno war si ënnert anerem schonn an engem Doudestrakt am Prisong an an engem Operatiounssall wärend enger Häerztransplantatioun.

Mat hirem eenzegaartege Schreifstil beweist d'Jodi Picoult ëmmer nees hiert Gespier fir déi mënschlech Sensibilitéit. An hire Bicher gëtt et kee schwaarz a wäiss, kee gutt a béis, keen heel an däischter. All Figur huet seng Vergaangenheet an e komplexe Charakter mat senge gudde Säiten a senge Feeler. Doduerch kann een als Lieser esouguer den Täter a seng Entscheedunge verstoen.

Alleguer seng Wierker hunn ech nach laang net duerch an iwwer Goûte léisst sech bekanntlech streiden, ma hei ass meng Top 3:

1. Kleine große Schritte

Hiren neiste Roman huet mech absolut begeeschtert. Et geet ëm e Puppelchen, deen no engem routinéierten Agrëff nach an der Maternité stierft. Ganz uewen op der Lëscht vun de Schëllege steet d'Ruth Jefferson, eng afroamerikanesch Infirmière, där et vum Papp, engem wäisse, rassisteschen Nazi verbuede war, säi Jong unzepaken. Nodeems d'Ruth allerdéngs bemierkt, dass d'Kand keng Loft méi kritt, entscheet si sech, sech den Uweisungen ze widdersetzen a probéiert him d'Liewen ze retten - ouni Erfolleg. Doropshi geet d'Affär viru Geriicht. E Prozess, dee sech ëm den alldeegleche Rassismus, Privileegien a Virurteeler dréit, déi an eiser moderner Welt nach ëmmer present sinn.

Hei kann ee sech froen: Huet d'Jodi Picoult als wäiss Fra d'Recht, iwwer Erfarungen ze schreiwen, déi si net selwer duerchlieft huet? Ech fannen, si huet d'Thema fantastesch ëmgesat. Et gesäit een d'Situatioun aus dem Ruth hirer Siicht als benodeelegt, schwaarz Fra. Zäitgläich mat der Perspektiv vun enger wäisser Affekotin, déi wärend dem Prozess léiert, dass all Nodeel fir déi Schwaarz, e Virdeel fir déi Wäiss duerstellt. Eleng d'Ignoranz vun dësem Fait ass e Privileeg vun deene Wäissen.

Als Lieser gëtt een onweigerlech gezwongen, sech mat deem eegene Verhalen auserneenzesetzen a schäerft engem säi Sënn, fir eng aner Behandlung vu faarwege Persounen.

2. Beim Leben meiner Schwester

Ouni seng Schwëster d'Anna, kann d'Kate Fitzgerald net liewen: Hatt huet Leukemie. Enges Daags entscheet dat 13 Joer aalt Anna allerdéngs dogéint, Knachemuerch fir seng doudkrank Schwëster ze spenden an domat säi Liewen ze retten.

Ewéi sou dacks, stiechen d'Protagonisten an engem Dilemma fest. Et ginn zwou Säiten an als Lieser kann een déi béid novollzéien: D'Anna, dat sech als jonkt Meedchen eleng un en Affekot riicht, fir net schonn nees en Deel vu sengem Kierper mussen ze spenden. An op der anerer Säit seng Elteren, déi net kënne verstoen, wisou hiert d'Kand net bereet ass senger Schwëster d'Liewen ze retten.

"Wenn einem das Leben eines anderen wichtiger ist als das eigene... ist das Liebe?". Et ass e Buch, dat bis op déi lescht Säit spannend bleift an net duerchblécke léisst, wéi et wuel wäert ausgoen.

3. Das Herz ihrer Tochter

D'June Nealon war eng glécklech Fra bis de Shay Bourne an engem Ament all hirem Gléck en Enn bereet huet. Fir de Mord un hirem Mann an hirem gemeinsame Meedchen, erwaart de Shay d'Doudesstrof. Säi leschte Wellen ass et, säin Häerz engem doudkranke Meedchen ze spenden - dem June sengem zweete Kand.

"Um vergeben zu können, muss man sich daran erinnern, wie man verletzt wurde. Und um vergessen zu können, muss man die eigene Rolle in dem, was geschehen ist, akzeptieren."