Wéi all Joer ginn op der Frankfurter Buchmesse sëllege Promien erwaart, dorënner de Christopher Clark, Lizzie Doron, Cornelia Funke oder nach Amir Gudarzi.

Dee wuel bekanntste gëtt e Samschdeg 21. Oktober op der Literaturgala erwaart, de präisgekréinte brittesch-indeschen Auteur Salman Rushdie. Hie kritt dëst Joer de Friddenspräis vum Däitsche Buchhandel.

Zanter dem Ugrëff op seng Persoun am Summer 2022 huet hie just nach wéineg ëffentlech Optrëtter. 2015 war de Rushdie Spriecher op der Ouverture an huet d'Frankfurter Buchmesse als ee vun de wichtegste kulturelle Foren an der westlecher Welt bezeechent.

Op der Bün "Frankfurter Pavillon", wou politesch Theeme verhandelt ginn, sinn ënner anerem zu Gaascht: d'Matgrënnerin vun die Letzte Generation Lea Bonasera, d'philippinnesch Friddensnobelpräislaureatin Maria Ressa an den UN-Kommissär fir Mënscherechter Volker Türk.

Am neien Deel "Meet the Author" wäerten ënner anerem d'Verona Pooth sëtzen, wéi och de Sänger Sasha, d'Elke Heidenreich, d'Susanne Fröhlich oder nach de Guido Maria
Kretschmer, fir hir Bicher ze signéieren.

Am Audio-Beräich kënnen d'Visiteuren de Rufus Beck (d'Stëmm vum Harry Potter), Marc-Uwe Kling (vun "Die Känguru-Chroniken") an d'Autorin Sophie Passmann erliewen. Donieft gëtt de Podcast "Lage der Nation" live aus dem Kongresszenter gesent.

De komplette Programm fënnt een um Site vun der Frankfurter Buchmesse.