Déi digital Kollektioune vun der eLuxemburgensia nach méi attraktiv maachen.

Dat ass eent vun den Ziler vun engem neie Projet vun der Nationalbibliothéik, bei deem d'kënschtlech Intelligenz an den Asaz kënnt. Via Chatbot kann ee souzesoe mat den digitaliséierten Zeitungen an d'Gespréich kommen.

Chatbot vun der eLuxemburgensia / Reportage Claudia Kollwelter

An dofir geet et duer, via Chat eng Fro ze stellen, erkläert de Chef vun der Informatik vun der Nationalbibliothéik, Yves Maurer:

D'Fro gëtt an e Computercode iwwersat, dee gëtt an eiser Datebank gesicht. Mir sichen Artikelen, déi zu där Fro passen, an iwwerginn dann d'Artikelen dem ChatGPT, deen dann eng Äntwert dozou produzéiert un Hand vun den Artikelen, déi numeriséiert sinn.

Mat dësem neien Outil bitt d'BnL e vereinfachten an awer och méi attraktive Wee, fir déi digitaliséiert Kollektiounen ze consultéieren.

D'Zil vum Projet ass et, fir eng aner Manéier ze bidden, fir mat den digitaliséierten Zeitungen ze schaffen an eng interaktiv Manéier ze hunn, mat den Zeitungen ze schwätzen an interessant Resultater ze kréien.

Fir sech unzemellen, brauch een iwwregens just e Bibliothéiks- oder Google-Account. D'Nationalbibliothéik mécht awer och drop opmierksam, datt et kee perfekten Outil ass, et also och emol ka sinn, datt net all Äntwert honnert Prozent richteg ass.