D'lescht Woch iwwer war de Selektiounscomité vum nationale Filmfong nees beieneen, fir hir 4. a lescht Sessioun vun dësem Joer.

33 Projete goufen do analyséiert an um Enn kruten der 23 den Accord fir eng finanziell Ënnerstëtzung.

14 Mol war et eng sougenannte selektiv Hëllef fir d'Schreiwe vun Dréibicher oder d'Entwécklung. 9 Mol gouf et gréng Luucht fir d'Produktioun ze ënnerstëtzen.

Alles an allem goufen Hëllefe fir knapp 10 Milliounen Euro accordéiert.

An der Kategorie "Série live" kritt den historesche Police-Drama "Marginal" zum Beispill 3 Milliounen Euro accordéiert, bei engem Gesamtbudget vun 3,99 Milliounen Euro.

An der Kategorie "Longs-métrages live" sinn et 1,21 Milliounen Euro fir den historeschen Drama "Ama", an 1,14 Milliounen Euro fir d'Drama-Komedie "Baronnes".

An der Kategorie "Longs-métrages d'animation" gouf e Subside vun 1,5 Milliounen Euro fir "Go With The Floh" accordéiert. De selwechte Montant ass et fir "Les Enfants de la Liberté".